arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deklaratioun: Friddenstrupp fir d'Ukrain, ouni Lëtzebuerger Zaldoten

Krich géint d'Ukrain

|
headphones

3 min

Deklaratioun: Friddenstrupp fir d'Ukrain, ouni Lëtzebuerger Zaldoten

Vertrieder vun der „Koalitioun vun de Wëllegen“ hunn um Dënschegowend zu Paräis eng Deklaratioun ënnerschriwwe fir Sécherheetsgarantie fir d’Ukrain, am Fall vun engem Enn vum Krich. Lëtzebuerg wäert keng Zaldote schécken, mee am Beräich vum Loftraum hëllefen, esou de Premier Luc Frieden.

headphones

3 min

©  EPA/JULIEN DE ROSA / POOL MAXPPP OUT EPA/JULIEN DE ROSA / POOL MAXPPP OUT
(Foto: EPA/JULIEN DE ROSA / POOL MAXPPP OUT EPA/JULIEN DE ROSA / POOL MAXPPP OUT)

Eng multinational Friddenstrupp soll zesummegestallt gi fir e Fridden an der Ukrain ofzesécheren. Dorop huet sech d’Koalitioun vun de Wëllege gëschter um Dënschdeg verstännegt.

Och USA solle sech bedeelegen 

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj sot nom Ënnerzeechne vun der Deklaratioun, datt et elo "substantiell Dokumenter" gëtt, fir d’Sécherheetsgarantien ze konkretiséieren.

De franséische President Emmanuel Macron huet géigeniwwer France Télévisions och d’Zouso vun den USA sech un de Sécherheetsgarantien ze bedeelegen, als wichtege Schratt ervirgehuewen. D’USA wäerten d’Iwwerwaachung vun enger Wafferou iwwerhuelen.

Schécke Frankräich an Däitschland dausenden Zaldoten?

Frankräich, genee wéi och Groussbritannie wäert sech un der multinationaler Friddenstrupp bedeelegen, den Emmanuel Macron huet och schonn uklénge gelooss a wéi engem Ëmfang. Et kéinten Dausenden franséisch Zaldote geschéckt ginn.

Och Däitschland huet gëschter Zaldoten an Aussiicht gestallt, allerdéngs sollen dës net an der Ukrain mee an den Nopeschlänner stationéiert ginn. Detailer misst elo d’Parlament entscheeden, esou de Bundeskanzler Friedrich Merz. Italien huet iwwerdeems nach eemol betount keng Zaldoten ze schécken.

Den Emmanuel Macron sot no der Reunioun och, datt Frankräich an den nächste Woche probéiere wäert fir nees en Austausch mam russesche President Wladimir Putin hierzestellen.

Lëtzebuerg schéckt keng Truppen 

Lëtzebuerg wäert keng Zaldoten an d’Ukrain schécken, dat sot de Premier Luc Frieden gëschter Owend no der Reunioun zu Paräis. De Grand-Duché wier awer prett säin Deel ze iwwerhuelen an hätt proposéiert, am Beräich vum Loftraum matzemaachen.

"Dat heescht virun allem Satellitte-Kommunikatioun, Satellitte-Biller, do wou Lëtzebuerg eng richteg Stäerkt huet, an dann och bei der Hëllef bei der Ausbildung a verschiddene Beräicher vun der ukrainescher Arméi. Respektiv dann och, wann ech am Loftraum sinn, och vun dem Transport vun Truppen oder Equipementer mat der Hëllef vun eisem A400M, zesumme mat der Belsch."

Chamber soll elo agebonne ginn

An deenen nächste Woche misst den Detail elo nach ausgeschafft ginn, esou de Premier. 

"A selbstverständlech gi mir och domadder, souwéi och déi aner Länner oder de Gros vun deenen anere Länner, och an d‘Parlament. Dat muss duerch déi normal Prozedure goen."

Aus Sécherheetsgrënn kéint hien net an d'Detailer goen, esou de Luc Frieden. Et wier awer eng Presentatioun gemaach ginn, bei där ee gesinn hätt, wéi d'Contributioune vun den eenzele Länner géifen zesummegesat ginn. 

"An do ass eeben de reelle Progrès. Si hunn also alles dat zesummegesat, och gekuckt, wéi dat kënnt zesumme fonctionéieren. An et ass elo kloer, wien déi eenzel Operatioune géif leeden, wéi dat alles soll fonctionéieren. Do bleiwe vläicht nach sécherlech eng Rei technesch Froen op."

Esouwäit de Premier um Dënschdegowend an enger online Pressekonferenz.