arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Asylpolitik: Screeningzenter op der Gare an een Tuteur fir Mannerjärger

Migratioun

|
headphones

3 min

Nei Asylpolitik: Screeningzenter op der Gare an een Tuteur fir Mannerjärger

Mam EU-Migratiouns- an Asylpak soll och zu Lëtzebuerg dat aktuellt Asylgesetz ersat ginn. Déi entspriechend Projete fir Gesetzesännerunge goufen um Mëttwochmëtteg vum CSV-Inneminister Léon Gloden virun der Press presentéiert. Mat neie Mesure wéilt ee virun allem d‘Prozeduren acceleréieren.

headphones

3 min

© Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

Eng grouss geplangten Ännerung, ass d'Aféiere vun engem Screening, fir all Persoun, déi ouni valabel Pabeieren aus engem net EU-Land kënnt.

Neie Screening-Zenter op der Gare 

De Screeningzenter dofir, soll an dat aalt Gebai vun der Adem op der Gare kommen, esou den Inneminister Léon Gloden.

"Mir kucken d'Identitéit, mir kucken ob se net iergendwou repertoriéiert sinn als eng Menace fir d'Sécherheet, mir kucken ob se net le cas échéant vulnerabel sinn an ob se déi eng oder aner Krankheet hunn, wou déi Leit musse gehollef kréien."

Dee Screening soll dräi bis siwen Deeg daueren.

Nei Krittäre fir responsabel Länner ze definéieren

Mat Hëllef vun dësen Informatioune sollen d‘Persounen och méi séier an déi entspriechend Prozeduren orientéiert ginn. Sou komme si an eng Procedure accélérée, wa si aus engem Land kommen, bei deem et manner wéi 20 Prozent warscheinlech ass, datt si internationale Schutz kréien.

Do virdru gëtt awer gekuckt, wéi een EU-Memberstaat fir d‘Persoun zoustänneg ass. Fir dat ze definéieren, hu mam neien EU-Migratiouns- an Asylpak d‘Krittäre geännert, erkläert de Léon Gloden.

"D'Prioritéit ass fir de Regroupement familial. Dat heescht, wann an engem anere Staat eng Prozedur vun engem Regroupement familial en cour ass, a mir hätten elo hei e Kand oder en Erwuessenen, da kucke mer mat deem Land, datt déi Persoun dohinner kënnt, well un éischter Stell eebe gekuckt gëtt, fir datt d'Famill ka regruppéiert ginn."

Weidere Krittär ass, wann déi Persoun duerch an enger Aart a Weis ee Lien zu engem europäesche Land huet. Zum Beispill duerch een Uni-Diplom, da gëtt dat Land als responsabel definéiert.

Amplaz vun 18 Méint: 3 Joer Zäit

Dem Minister no soll den aktuell wichtegste Facteur, nämlech a wei ee Land eng Persoun fir d éischt agereest ass, mam neie Pak eng manner wichteg Roll spillen. Dat zoustännegt Land muss dann notifiéiert ginn an huet dräi Joer Zäit fir d‘Demande ze traitéieren, am Plaz vun elo 18 Méint.

D’Gesetz soll den 12. Juni a Kraaft trieden a muss virdrun nach vun der Chamber ugeholl ginn.

Mannerjäreger ouni Begeleedung 

Eng mannerjäreg Persoun, déi ouni Begleedung an ouni Pabeieren zu Lëtzebuerg ukënnt, wäert mat ofgeännerte Gesetz ee provisoreschen Tuteur un d'Säit gestallt kréien, erkläert de Léon Gloden. 

"Bis en dann een Tuteur designéiert kritt huet, fir datt déi Persounen de Mineur an de Prozedure begleeden. De Mineur, deem seng Emprunten digitale kënnen elo scho geholl ginn ab sechs Joer. Mir brauchen d'Traçabilitéit vun deene Leit, och vun de Mineuren, fir déi ze schützen, brauche mer esou vill wéi méiglech Donnéeën."

Déi Tuteure gi vun engem Riichter nominéiert. Dat gouf nach bei der Presentatioun vum Gesetzesprojet an der Chamber preziséiert.