De Vizepresident vun der aussepolitescher Chamberkommissioun, de Laurent Zeimet vun der CSV, huet “net all ze vill” Hoffnungen op e positiven Ausgang um Weltwirtschaftsforum zu Davos. Wat wäert den Donald Trump do verkënnegen? Kee weess et, esou de Laurent Zeimet.
Den CSV-Politiker ass och der Meenung, datt den US-President net ofzebréngen ass vu sengem Plang, militäresch a Grönland ze intervenéieren. Wéi hien dat erreeche wéilt, wier him zwar “schleierhaft”.
Gëeenten Natiounen, gespléckte Parteien?
Hoffnung huet den Nach-Buergermeeschter vu Beetebuerg awer wat den Zesummenhalt vun den europäesche Länner ugeet, och wann déi vun Dag zu Dag méi kleng géing ginn. Fakt wier awer, datt déi grouss EU-Länner zesumme mam Benelux a mat Groussbritannien eng gemeinsam Positioun wäerten hunn, ënnersträicht de Laurent Zeimet.
Mee de Problem besteet och doran, datt et innerhalb vun den europäesche Parteifamillen Oneenegkeete ginn. D’Sozialisten an déi Liberal schwätze sech fir den Asaz vun der sougenannter “Handels-Bazooka” aus. D’EVP – d’Parteifamill zu där och d’CSV gehéiert – plädéiert dofir, enger Konfrontatioun éischter aus dem Wee ze goen.
Deem widdersprécht de Laurent Zeimet am 100,7-Interview awer, a weist dorop hin, datt den EVP-Chef Manfred Weber gesot huet, et kéint een d’Schottland-Ofkommes mat den USA op Äis leeën.
Wat d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung ugeet, esou wier ee gewëllt mat op de Wee vun der Handels-Bazooka ze goen. Deen Androck huet de Laurent Zeimet. D’US-Regierung hätt – bei aller Léift – eng rout Linn iwwerschratt.
Laurent Zeimet: Dem Donald Trump ass souwisou alles egal
Eigentlech ginn et och zwee Grënn, déi dogéint schwätzen, “soft” am Ëmgang mat den USA ze bleiwen. De Laurent Zeimet betount nämlech, datt hien den Androck huet, datt den Donald Trump Respekt virun näischt huet: Weder Relatiounen, der Geschicht, nach virun de Leit.
De Problem wier awer deen, datt Europa a Punkto Sécherheet ëmmer nach ofhängeg vun den USA ass. Dat wéisst och den Donald Trump.
Den zweete Grond, dee fir ee méi haart Duerchgräife géing schwätzen: Dem Donald Trump ass souwisou alles egal. Déi Usiicht huet de Vizepresident vun der aussepolitescher Chamberkommissioun och.
Partei mat staarke Charakter
De Laurent Zeimet huet sech beim Untrëtt vu senger neier Roll als CSV-Fraktiounschef als “Diva-Manager” bezeechent. Dat zwar net als Uspillung un den Donald Trump, mee en Vue vu senger neier Aufgab innerhalb vun der CSV.
D’Causa Mischo an deem säi Mea culpa virun zwee Deeg um Mikro vum 100,7 wat Kritik u senge Beamten ugeet, huet schonn e klenge Virgeschmaach ginn op dat, wat op de Laurent Zeimet deemnächst waarde kéint.
D’CSV wier voller staarker Charakter mat Talenter, déi sech an der Politik wéilten abréngen, seet dozou de Laurent Zeimet. Schonn an den éischte Wochen als Fraktiounschef hätt hien dofir probéiert riwwerzebréngen, wéi hie seng Roll gesäit.
Buergermeeschter a Fraktiounschef: "Dat ass schwiereg"
De Poste vum Buergermeeschter wäert hien dofir och op den 30. Januar opginn. Béid Poste matenee verbannen, dat wier schwéier, esou den CSV-Politiker. Als Deputéierte wier dat allerdéngs anescht. Do hätt een e feste Plang mat de Kommissiounen, wat zu enger besserer a méi einfacher Organisatioun géing féieren.
Als Fraktiounspresident kéimen awer eng ganz Rei Reuniounen dobäi. Doriwwer eraus misst een disponibel fir d’Kolleegen a Mataarbechter sinn. Schonn an de leschten zwou Wochen hätt de Laurent Zeimet dowéinst gemierkt, datt ee béid Aufgaben – Buergermeeschter a Fraktiounschef – net ënner een Hutt ka kréien.
"Et sinn Deeg ginn, do sinn ech mol net bis bei mäi Pult komm."
Wat Anti-Cumul-Bestëmmunge vun de Posten ugeet, hätt een och innerhalb vun der CSV verschidde Positiounen, seet de Laurent Zeimet. Hien hält et prinzipiell net fir onméiglech, Duebelmandater gutt auszeféieren. Dat géing och net bedeiten, datt déi eng méi fläisseg wiere wéi déi aner. “Et ginn där enger, an et ginn där anerer”, esou nach de Laurent Zeimet.