An engem Communiqué schreift d‘Industriellefederatioun (FEDIL) domat géif de Fräinhandelsaccord onnéideg Retard kréien an dat wier schlecht fir d‘EU. Besonnesch an deem aktuelle ugespaante geopolitesche Kontext.
Wirtschaftlech a geopolitesch Konsequenze
D‘FEDIL mécht sech grouss Suergen iwwer déi wirtschaftlech a geopolitesch Konsequenze vun dësem neie Retard an hofft, datt den Deal elo séier wäert gepréift ginn. Iwwer 25 Joer laang ass schonn un dësem Fräihandelsaccord tëschent der EU an de véier Mercosur-Staaten Argentinien, Brasilien, Paraguay an Uruguay verhandelt ginn.