arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer 90 Prozent vun de Lëtzebuerger gesi Virdeeler an der EU-Memberschaft

Eurobarometer

|
headphones

1 min

Iwwer 90 Prozent vun de Lëtzebuerger gesi Virdeeler an der EU-Memberschaft

90 Prozent vun de Lëtzebuerger fille sech als EU-Bierger. Domat läit de Grand-Duché op der 1. Plaz an der ganzer EU. Dat geet aus dem neiste Sondage vum Eurobarometer ervir.

headphones

1 min

© EPA/OLIVIER MATTHYS
(Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Iwwer 90 Prozent fannen och, datt Lëtzebuerg Virdeeler huet, well et Member an der EU ass. Och domat läit Lëtzebuerg iwwert der EU-Moyenne.

6 vun 10 Lëtzebuerger Residente sinn och optimistesch, wat d‘Zukunft vun der EU ugeet. A bal 90 Prozent si fir eng europäesch Defense- a Sécherheetspolitik. Och do läit Lëtzebuerg iwwert der EU-Moyenne vu knapp 80 Prozent.

Den Ukrainkrich, d‘Immigratioun, d‘Inflatioun an déi wirtschaftlech Situatioun ginn als déi véier gréisste Problemer an der EU ugesinn. Do läit Lëtzebuerg an der Moyenne vun all de Länner.

A fir d‘Lëtzebuerger misst de Logement Prioritéit am EU-Budget hunn.