arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mam neien EU-Migratiounspakt: Asylpolitik "mat Häerz a Verstand" nach méiglech?

Migratiounspolitik

|
headphones

4 min

headphones

15 min

play_arrow

Mam neien EU-Migratiounspakt: Asylpolitik "mat Häerz a Verstand" nach méiglech?

Gëschter um Mëttwoch huet den Inneminister Léon Gloden de Gesetzesprojet zur Ëmsetzung vum neien europäesche Migratiouns- an Asylpakt presentéiert. Dee géing iwwerdeems mat de Vuë vu Lëtzebuerg iwwereneestëmmen.

headphones

4 min

headphones

15 min

play_arrow

Am 100,7-Interview huet de Minister op en Neits betount, datt dës Regierung eng "raisonnabel Asylpolitik mat Häerz a Verstand" géing maachen. Et wéilt een, datt d’Demarchë séier viruginn, fir datt d’Leit sech séier integréiere kéinten, esou de Léon Gloden.

Léon Gloden: "Et kënnt op d'Solidaritéit vun de Länner un"

Mam neie Migratiouns- an Asylpakt ginn och nei Krittären ageféiert déi bestëmmen, wéi ee Land a wéi engem Fall responsabel ass. D’Hierarchie hätt hei geännert, esou de Minister.

Am September nach ass de Solidaritéitspak ugeholl ginn am Wëssen, datt déi mannste Länner gären Asyldemandeuren ophuelen. De Léon Gloden ka just fir Lëtzebuerg schwätzen, wéi hien am 100,7-Interview seet.

“Mir sinn e solidareschen a verantwortungsvolle Partner am Kader vum europäesche Migratiouns- an Asylpakt. (...) Mir sinn ee solidarescht Land.”

Wann ee keng Solidaritéit schafe kéint, da kéint een d’Haaptobjektiver vum Asylpakt och net erreechen, warnt de Minister. Dat wier den anere Ministeren och bewosst.

Op enger Reunioun vun den EU-Inneministeren am Dezember zejoert huet den CSV-Inneminister proposéiert, datt Lëtzebuerg kéint 1.040.000 Euro an dat Europäescht Dëppe bezuelen an d’nächst Joer 15 Demandeurs d’Asile aus anere Länner géing ophuelen.

De Léon Gloden hat awer drop gepocht, datt d'Presenz vun de 700 sougenannten Dubliner zu Lëtzebuerg déi Zuel vu 15 Mënschen nach kéint no ënnen drécken. Um Enn kéint et also drop erauslafen, datt Lëtzebuerg guer keng Demandeurs d’Asile ënner dem neie System aus engem anere Land ophëlt.

Retour-Hubs bleiwen eng Optioun, esou de Minister

Mënscherechtler warnen iwwerdeems, datt dësen Asylpakt eng Zort Ofschreckung kéint sinn, an datt Leit probéieren op nach méi geféierleche Routen an d’EU ze kommen. Och déi vill diskutéiert Zenteren un den EU-Baussegrenzen, genee ewéi a Länner baussent der EU, sti staark an der Kritik.

Lëtzebuerg war uganks skeptesch par rapport zu esou Centrë baussent der EU, huet do awer seng Positioun geännert.

Et wier ee mat der Iddi averstane fir Retour-Hubs opzebauen, esou de Léon Gloden. Am léifsten am Kader vun engem europäesche Kooperatiounsaccord mat Drëttstaaten, preziséiert de Minister am 100,7-Interview um Donneschdeg.

Lëtzebuerg wier awer dogéint, datt an esou Zentrumen Asyldemanden traitéiert ginn.

Mam neien Asylpakt wieren d’Reegelen a Prozeduren iwwerall an der EU déi selwecht, esou de Léon Gloden. Bis elo wier mat ville verschiddenen Direktive geschafft ginn. "Jidderee kennt elo d’Konditioune vun der Stee" a géing am Virfeld wëssen, op wat e sech aléist, esou nach den Inneminister.

Wat genee ass de Screening?

Erausgestach bei der Presentatioun vum Gesetzesprojet huet dee sougenannte Screening vu Leit, déi Asyl ufroen. Den Inneminister preziséiert, datt de Screening eng Tëschenetapp ass. Do géing déi respektiv Persoun identifizéiert ginn, mat europäeschen Datebanken ofgeglach ginn - beispillsweis op Krankheeten - an determinéiert ginn, ob d’Persoun eng Gefor fir déi national Sécherheet duerstellt.

An dëse Screening fale Leit, déi illegal zu Lëtzebuerg sinn, betount de Léon Gloden. Also Persounen ouni Pabeieren, déi vun der Police fonnt gi sinn, oder ouni Pabeiere mat engem Net-Schengen-Fluch um Findel landen.

An deem Kader huet den Inneminister Léon Gloden nach emol ënnerstrach, datt jiddereen d’Recht huet, Asyl ze froen. Et wéilt een d’Recht op Asyl och net aschränken, schliisslech wier et een internationaalt Mënscherecht.

Aalt Adem-Gebai muss ëmgebaut ginn

De Screening, esou de Léon Gloden, déngt als eng Zort Orientéierung. Duerno gëtt nämlech decidéiert, ob dës Persounen eng normal Asylprozedur kréien, bei där ee 6 Méint Zäit huet, de Statut ze determinéieren, oder awer eng Procédure accélerée gemaach gëtt, wou den Delai bei 3 Méint läit.

Am ale Gebai vun der Adem an der Rue Bender op der Gare soll dëse Screening-Zenter hikommen. Och de Primo accueil soll dohi plënneren. Dofir sinn awer nach eng Rei Ëmbauaarbechten néideg, déi bis Juni mussen ofgeschloss sinn.

"Mir mussen d'Kanner bei hir Eltere kréien"

De Léon Gloden betount, datt d’Prioritéit um Regroupement familial läit. "Mir mussen d’Kanner bei hir Eltere kréien", seet de Léon Gloden.

Zu Lëtzebuerg hätt een ausserdeem festgestallt, datt wann eng Persoun an de Grand-Duché kënnt, si sech dacks eréischt duerno bestuet. Déi Leit kommen dann no a froen Asyl un, obwuel si en Titre de séjour kéinte kréien. Dëst wier ee Grond, firwat d’ONA-Strukturen iwwerfëllt wieren, esou de Léon Gloden.

play_arrow Lauschteren