Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
search

/ Mouvement Ecologique: Pensiounssystem aktuell net nohalteg

Pensiounssystem

Mouvement Ecologique: Pensiounssystem aktuell net nohalteg

De Pensiounssystem zu Lëtzebuerg wier a senger aktueller Form net nohalteg, a finanziell net genuch ofgeséchert. Zu där Konklusioun kënnt de Mouvement Ecologique op Grond vun enger Analyse vum Lëtzebuerger Pensiounssystem.

auto_stories

2 min

D'Analyse huet den éisträichesche Wirtschaftsinstitut WIFO fir de Mouveco gemaach huet.

E strukturelle Problem vum Pensiounssystem hei am Land wier deemno, datt de Lëtzebuerger Modell e konstanten ekonomeschen an demographesche Wuesstem géif viraussetzen.

Et géif e Wuesstemszwang bestoen. Fir d‘Pensiounen an Zukunft kënnen ze bezuelen, misst d‘Populatioun zu Lëtzebuerg bis op 785.000 Awunner bis 2070 klammen, an déi aktiv Populatioun misst bis 2070 ëm 0,6% an d'Luucht goen. Vu 460.000 haut op 630.000 am Joer 2070. An dobäi misst de PIB all Joer ëm 1,8% klammen, sou déi aktuell Berechungsmodeller fir de Pensiounssystem.

Dat wier aus Siicht vun der Nohaltegkeet net ze droen, sou de Mouvement Ecologique a sengem Communiqué. Bei den aktuellen Diskussiounen iwwer eng Reform vum Pensiounssystem géif dat awer dacks ausgeklamert ginn. De Mouvement geheit dem System Fantasielosegkeet a Verharren am aktuelle System vir. Et géif aner Modeller ginn, Modeller, déi sozial, ekologesch an ekonomesch sinn a bei deenen den Erhalt vun den natierleche Liewensgrondlagen, de Mënsch an déi zukünfteg Generatiounen am Fokus stinn.

Et wier irresponsabel, e Finanzéierungssystem als Basis ze huelen, dat op sou onsécher Entwécklungen opgebaut ass. Dës Analys géif alt erëm weisen, wéi urgent eng reell Debatt iwwert déi wirtschaftlech, ekologesch a sozial Ausriichtung vum Gesellschafts- a Wirtschaftsmodell ass.