Dorënner ass eng Foto, wou d‘Äerd hanner dem Horizont vum Mound verschwënnt.
Dës Perspektiv, vun engem "Äerdënnergang“, hätt ee virdrun nach ni gesinn, esou d‘NASA. Et wier eng historesch Foto, déi un déi berüümt Foto vum "Äerdopgang“ vun der Apollo 8-Missioun aus dem Joer 1968 géif erënneren. D‘Orion-Weltraumkapsel vun der Artemis 2-Missioun soll e Samschdeg am Mier op der Äerd landen.