Et géif een deemno elo virun engem schwaarzen Abrëll stoen, virun allem well och Dünger, Chemikalien an Helium méi deier géife ginn. Helium ass virun allem am Gesondheetsberäich wichteg.
Déi aktuell Pëtrolskris wier deemno méi grav, wéi déi vun 1973, 1979 oder nach 2022.
Keng Enkpäss zu Lëtzebuerg fir den Ament
A Frankräich ass d‘Situatioun scho méi ugespaant. Ronn 18 Prozent vun den Tankstellen hu Problemer mat der Versuergung. Op villen Tankstelle géif op d‘mannst eng Zort Bensinn oder Diesel feelen.
E Grond dofir ass ënner anerem e Plafonnement vun de Pëtrolspräisser bei TOTAL. Doduerch wier den Undrang méi grouss wei normalerweis.
Op Nofro hin huet de Jean-Marc Zahlen, de Beroder fir Energie an Ëmwelt bei der FEDIL erkläert, datt et zu Lëtzebuerg, zu dësem Zäitpunkt keng esou Enkpäss géife ginn.