arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz Energiekris: D'Schoulen a Kuba sollen am September nees opgoen

Kuba

|
reading time

1 min

Trotz Energiekris: D'Schoulen a Kuba sollen am September nees opgoen

D'Virzeechen, fir d'Schoulen nees opzemaachen, sinn awer net optimal: Gëschter Owend gouf et nämlech eng massiv Stroumpann, opgrond vum Ausfall vum elektresch Reseau.

reading time

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Paul Hennessy
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Paul Hennessy)

Véier vu fënnef Provënzen am Oste vun der Insel sinn dovu betraff. 

Zënter Januar hunn d'USA ee Blockage géint déi kommunistesch Insel agefouert. D'Energiekris, ënner där déi ronn 9,4 Milliounen Awunner:inne souwisou scho gelidden hunn, ass domat dramatesch verschäerft ginn. Ëmmer nees kënnt et zu laange Stroumspären.