arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Chef vun der CIA, den John Ratcliffe, soll fir eng Visitt zu Moskau sinn

USA-Russland

|
reading time

1 min

De Chef vun der CIA, den John Ratcliffe, soll fir eng Visitt zu Moskau sinn

De Chef vun der CIA, den John Ratcliffe, wier fir eng Visitt zu Moskau, mellen d‘US-Medien CBS an Axios. Weder de Kreml nach d‘Wäisst Haus hunn d‘Meldung bis ewell confirméiert.

reading time

1 min

© EPA/YURI GRIPAS / POOL
(Foto: EPA/YURI GRIPAS / POOL)

De Moie wier een US-Militärfliger vu Lettland aus a Richtung vun engem Fluchhafen zu Moskau gestart, esou de Site Flightradar24. D'Financial Times mellt, datt Kiew op Demande vu Washington zougesot hätt, fir weder Moskau nach Sankt Petersburg oder aner Plazen am Norde vu Russland ze viséieren, fir hatt een héije Responsabel do kéint fléien.