Et ware schockant Zeenen am Südweste vu London: Honnerte vu Kanner an Teenager hu sech zu Clapham versammelt a sinn a Geschäfter a Restaurante gelaf. En Deel vun hinnen huet geklaut, Regaler ëmgehäit an Employée(ë)n a Polizist:innen aggresséiert. Videoe vun deem Ganzen hu sech séier op de soziale Medie verbreet.
6 Mannerjäreger goufe festgeholl
D‘Police war zwar séier op der Plaz, mee déi zirka 100 Beamtinnen a Beamte waren iwwerfuerdert. Bis elo goufe sechs Meedercher tëschent 13 a 17 Joer wéinst Klauen an Aggressioune festgeholl. Et wäerten nach weider Festnamen dobäi kommen, sot Police, déi déi vill Videoen elo evaluéiert.
Et ass déi zweete Kéier a wéinegen Deeg wou dëst zu Clapham geschitt ass. Och an anere Stied koum et zu Tëschefall.
Neien Onlinetrend
Et geet hei ëm een Onlinetrend, bei deem sech Honnerte vu Jugendlecher Rendez-vous op bestëmmten Plazen an zu bestëmmte Zäite ginn, fir da Butteker stiermen ze goen. Steaming oder Link-Ups nennt sech dat an et kennt virun allem an de Schoulvakanze vir.
M&S, eng brittesch Supermarchés-Chaîne, fuerdert elo d‘Regierung, méi staark géint Verbriecher virzegoen, well déi géifen ëmmer méi organiséiert, méi culottéiert a méi aggressiv ginn. Dat géif sech staark op hir Employée(ë)n auswierken, erkläert ee Vertrieder vun M&S am Interview mat der BBC.
„D‘Leit, déi an eise Geschäfter schaffen, verdéngen et op d‘Aarbecht ze kommen ouni mussen ze fäerten, ageschüchtert oder aggresséiert ze ginn. Kriminalitéit am Handel ass ëmmer en Challenge gewiescht, mee et schéngt an de leschte Wochen a Méint méi schlëmm ginn ze sinn.“
D‘Police huet gewarnt, datt Teenager, déi fir weider Rendez-Vousen opruffen, mat Konsequenze rechne mussen. Policepresenz gouf fir den Ouschterweekend zu London eropgesat.