arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Véier Astronaute vu der Artemis 2 Moundmissioun nees ënnerwee zeréck op d‘Äerd

Weltall

|
reading time

1 min

Véier Astronaute vu der Artemis 2 Moundmissioun nees ënnerwee zeréck op d‘Äerd

E Samschdeg sollen déi véier no 10 Deeg nees op der Äerd am Mier landen. Bei hirer Rees ronderëm de Mound hu si e puer Rekorder opgestallt. Mat 406.778 Kilometer Distanz zur Äerd, ware si esou wäit fort, wéi nach ni e Mënsch virdrun.

reading time

1 min

© EPA/CRISTOBAL HERRERA-ULASHKEVICH
(Foto: EPA/CRISTOBAL HERRERA-ULASHKEVICH)

Si hunn de Rekord vun der Apollo Missioun 1970 gebrach. 

Wärend si iwwer de Südpol laanscht déi däischter Säit vum Mount geflu sinn, hate si ronn 40 Minutte laang kee Kontakt méi mat der Äerd. Dat war och an den Apollo-Missiounen an de 1960er a 70er Jore schonn de Fall. De Kontakt ass elo retabléiert.

D‘Orion-Weltraumkapsel vun der Artemis II-Missioun soll e Samschdeg no 10 Deeg nees op der Äerd ukommen. Eng Landung um Mound ass fir 2028 geplangt.