Dozou gehéieren och Partykäerze wéi déi, déi d‘Feier zu Crans Montana ausgeléist haten. De Verbuet gëllt fir Baren, Restauranten, Clubben, Caféen an Hoteller, an och fir Concerts-, Kinos- an Theatersäll.
arrow_back_ios
100komma7.lu
Schwäiz
|Tragedie vu Crans Montana: Pyrotechnik an zouene Raim vun elo u verbueden
Vun elo un däerf am ganze Land an ëffentlech zougängleche Raim keng Pyrotechnik méi gezünt ginn. D'Schwäiz huet dës Reegelen als Konsequenz vun der Feierkatastroph op Neijoerschdag ageféiert. An enger Bar zu Crans Montana waren 41 Mënsche gestuerwen. 116 goufe blesséiert, déi meescht dovu schwéier.
Trauer ëm d'Affer (Foto: EPA/JEAN-CHRISTOPHE BOTT)