Radioen

On air

Notturno  |  U.S. Girls - Tux (Your Body Fills Me, Boo)

play_arrow Live
search

/ Motioun fir eng direkt Unerkennung vu Palästinenserstaat gouf verworf

Chamber

Motioun fir eng direkt Unerkennung vu Palästinenserstaat gouf verworf

An der Chamber gouf et kee Konsens iwwer eng direkt Unerkennung vun engem palästinensesche Staat. Zwou Motioune stoungen zum Vott. Déi vun déi Lénk huet eng direkt Unerkennung gefuerdert a gouf verworf. Déi aner Motioun, déi ugeholl gouf, fuerdert d'Regierung dozou op, eng Unerkennung vu Palästina ënner verschiddene Bedéngungen ze ënnerstëtzen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

2014 hat d'Chamber schonn an enger Motioun gefuerdert, datt d'Regierung zum opportunen Ament ee Palästinenserstaat soll unerkennen. Déi Motioun déi elo vun de Majoritéitsparteie CSV-DP, ADR a Piratepartei gestëmmt gouf, ass änlech, mee géif ee Réckschrëtt duerstellen zu där Motioun vun 2014, seet den Yves Cruchten.

Yves Cruchten: "Motioun vun 2014 gëtt domat fir null und nichtig erkläert"

Et steet dran, datt wa Lëtzebuerg eleng, dat heescht unilateral, ee Palästinenserstaat géif unerkennen, dat net zu enger Léisung am Konflikt géif bäidroen, betount den LSAP-Deputéierten.

"Ech mengen, datt wa mer dat dote géife matdroen, da géife mer eis selwer verroden, andeems mer eigentlech dann déi Motioun, déi mer de 16. Dezember 2014 zesumme gestëmmt hunn, datt mer déi eigentlech fir null und nichtig erklären."

Gusty Graas: Net de richtege Moment

Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet ënnerstrach et wier net deen adequaten Ament fir Palästina direkt unzëerkennen, esou wéi dat an der Motioun vun déi Lénk gefuerdert gëtt.

"Zu dësem Zäitpunkt, jiddefalls. D'Demokratesch Partei ass net opposéiert, fir datt en Dag soll kommen, wou Palästina als onofhängege Staat unerkannt gëtt, mee d'Rahmebedingungen zu dësem Zäitpunkt stëmmen net."

Ee vun de Problemer wier am aktuelle Konflikt, datt déi radikal palästinensesch Hamas-Beweegung eng vun de Konfliktparteie wier, esou de Gusty Graas.

Motioun fuerdert Regierung op mat anere Länner eng Diskussioun ze féieren

Den David Wagner vun déi Lénk, gesäit d’Situatioun anescht. Anescht wéi vun der Majoritéit gesot gi wier, wier dat nämlech keng Victoire fir d'Hamas. D'Terrororganisatioun géif dat nämlech net fuerderen, esou den David Wagner.

"Wann de Staat unerkannt gëtt, an do kommen ech zeréck op d'Argumentatioun vum Här Graas, dee seet: 'Mir wësse jo net, wien den Interlocuteur ass, wien den Interlocuteur ass vum palästinensesche Staat.' Bon, ech weess net, wou en dat siche gaangen ass, mee et ass kloer, och wann e schwaach ass, datt d'Autorité palestinienne, dat ass den Interlocuteur officiel et unique."

An der Motioun vum DP-Deputéierte Gusty Graas gëtt d’Regierung dozou opgefuerdert mat anere Länner Diskussiounen ze féieren iwwer eng Zweestaateléisung, dat heescht Israel a Palästina, dëst ënner der Bedéngung, datt et zu enger Wafferou kënnt.

Déi Motioun gouf mat Ausnam vun der LSAP, déi Gréng an déi Lénk ugeholl.

Lauschterenplay_arrow