Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
search

/ "Money Muling": Police hëlt zéng Leit fest

Blanchiment

"Money Muling": Police hëlt zéng Leit fest

D‘Police deelt mat, datt zéng Leit wéinst Verdacht vu Blanchiment festgeholl goufen. Méi genau wéinst sougenanntem „Money Muling“, enger krimineller Aktivitéit am Zesummenhang mat Phishing Attacken an aner Forme vun Online an Email Bedruch.

auto_stories

1 min

Nodeems zanter Dezember zejoert vill Leit zu Lëtzebuerger Affer vun esou Attack goufen, hätte Police a Parquet an enker Kollaboratioun mam Geheimdéngscht enquêtéiert. Tëscht dem 13. an 23. November wieren dunn zéng Leit festgeholl ginn, bei cibléierten Aktioune vum Anti-Blanchinments Service vun der Police judiciaire an ënnert der Direktioun vun e puer Untersuchungsriichteren.

Déi Beschëllegt hunn iwwer Snapchat an aner sozial Medie meeschtens jonk Leit mat finanzielle Problemer kontaktéiert an si gefrot, fir hinnen hire Bankkonto géint Geld zur Dispositioun ze stellen. Iwwer dës Konte gouf d'Geld wäiss gewäsch. D‘Police rappelléiert, datt dëst illegal ass a mat Prisongsstrofe bis zu fënnef Joer ka bestrooft ginn.