Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Misch Pautsch gëtt neie President vun der Journalistenassociatioun

Journalismus

Misch Pautsch gëtt neie President vun der Journalistenassociatioun

D‘Lëtzebuerger Associatioun vu professionelle Journaliste kritt e neie President: De Misch Pautsch, dee beim Lëtzebuerg Journal schafft, iwwerhëlt de Poste vum Luc Caregari. Deen huet decidéiert, vum Presidente-Posten zréckzetrieden a Vize-President ze ginn, esou d‘ALJP an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

Ënnert der Leedung vum neie President Misch Pautsch wéilt d‘ALJP elo nei Projeten ugoen. Dat nodeems de Premier a Medie-Minister Luc Frieden am Januar annoncéiert hat, zwee Dossieren, déi prioritär fir d‘ALJP waren – nämlech e Recht op Informatiounszougang an Definitioun vum Beruffsjournalist – nach bis de Summer op den Instanzewee ze bréngen.