search

/ Minoritéitsregierung an Holland: Ee weidert Experiment

Holland

|
headphones

2 min

headphones

9 min

play_arrow

Minoritéitsregierung an Holland: Ee weidert Experiment

Fir d‘Minoritéitsregierung an Holland, déi um Mëttwoch annoncéiert gouf, géifen d‘Chancen allgemeng gutt stoen. Dat ass d‘Aschätzung vun der Journalistin Ulrike Nagel. D‘Gespréicher tëschent de Koalitiounspartner wiere konstruktiv.

headphones

2 min

headphones

9 min

play_arrow
Rob Jetten (D66), Dilan Yesilgoz (VDD), Henri Bontenbal Holland (CDA) | © EPA/JEROEN JUMELET
Rob Jetten (D66), Dilan Yesilgoz (VDD), Henri Bontenbal Holland (CDA) (Foto: EPA/JEROEN JUMELET)

Déi sozialliberal Partei D66 stellt de Rob Jetten als Premier. Fir d‘Partei, déi d‘Walen an Holland gewonnen hat, ass dat eng Première. 

Zesumme mat de konservative Chrëschtdemokraten CDA an der rietsliberaler VDD, bilde si eng Minoritéitsregierung. Dat bedeit, datt si ëmmer d‘Majoritéit bei d‘Oppositioun musse siche goen. Dat gëtt eng Erausfuerderung, mengt d‘Ulrike Nagel. Grad déi gréisst Oppositiounspartei, déi gréng Sozialdemokrate PvdA wiere rosen, driwwer, net Deel vun der Koalitioun ze sinn.

Dat hätt VVD awer kategoresch ausgeschloss.

Rietspartei PVV 7 Sëtz verluer

De Prozess fir d‘Koalitioun opzestellen, wier och interessant gewiescht. Als éischt, hat D66 mat CDA eng "Handreichung" ausformuléiert, un déi sech déi aner Parteie konnten uschléissen. Do hätte sech och alleguer d‘Parteie mat D66 a CDA un den Dësch gesat. ausser dem Geert Wilders seng Rietspartei PVV. 

D‘PVV war och bis viru kuerzem gréissten Oppositiounspartei. Wéinst enger "Meuterei" hu 7 Leit d‘Partei verlooss.

Fréier Regierung vun Oneenegkeet gepräägt

Dës Minoritéitsregierung ass een Experiment, wat vu ville géif bedauert ginn, nodeems dat lescht Regierungsexperiment gescheitert ass esou nach d‘Ulrike Nagel. Do gouf et jo ënner anerem ee parteilose Premier. 

Si mengt allerdéngs net, datt sech dat widderhuele géif. Déi fréier Koalitiounspartner ware gepräägt vu Streidereien an Oneenegkeet. Aus der neier Koalitioun wier genau de Contraire de Fall.

Den neie Premier Rob Jetten hätt och d‘Fäegkeet d‘Leit zesummenzehalen, esou nach d‘Ulrike Nagel.

play_arrow Lauschteren