Bei de Parlamentswalen a Slowenien, am Mäerz, hat de Golob a seng "Fräiheetsbeweegung" ganz knapp virun der rietskonservativer Partei gewonn. Hien hat just ee Sëtz méi kritt wéi de fréiere Premierminister an Trump-Frënd Janez Janscha. Fir d‘Koalitioun vu bis elo, mat de Sozialdemokraten an der Lénkspartei war et net méi duergaangen.
De Robert Golób sot elo, hie géif an d‘Oppositioun goen, well hien, no wochelaange Verhandlungen, kee Koalitiounspartner fonnt huet.