arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parlamentswalen a Bulgarien: Russlandfrëndlech Allianz bei Héichrechnunge vir

Europa

|
reading time

1 min

Parlamentswalen a Bulgarien: Russlandfrëndlech Allianz bei Héichrechnunge vir

Bei de virgezunne Parlamentswalen a Bulgarien deit sech, no Héichrechnungen, eng kloer Majoritéit fir d'Allianz vum fréiere President Rumen Radew un. D'Allianz "Progressiivt Bulgarien", déi als russlandfrëndlech gëllt, kënnt den Héichrechnungen no op ronn 45 Prozent vun de Stëmmen.

reading time

1 min

Dem fréiere President Rumen Radev seng Allianz läit no Héichrechnunge vir | © EPA/BORISLAV TROSHEV
Dem fréiere President Rumen Radev seng Allianz läit no Héichrechnunge vir (Foto: EPA/BORISLAV TROSHEV)

Wann dat sech confirméiert géif d‘Allianz mat bis zu 140 vun 240 Sëtz am Parlament eng absolut Majoritéit kréien. Definitiv Resultater gi spéitstens en Donneschdeg erwaart. 

De Rumen Radew war am Januar als President zeréckgetruede fir bei dëse Wale kënnen ze kandidéieren. Am Walkampf hat hien de Kampf géint d‘Korruptioun als eng vu senge Prioritéite genannt. Hien hat och ugekënnegt sech net wëlle finanziell un de Militärhëllefe fir d‘Ukrain ze bedeelegen. Bulgarien, en EU- an NATO-Memberland, wéilt déi Hëllefen awer net blockéieren.