Enn Mäerz hunn 123 Länner op der UNO-Generalversammlung eng Resolutioun gestëmmt, déi den transatlantesche Sklavenhandel als dat schwéierst Verbrieche géint d’Mënschlechkeet astuuft. Lëtzebuerg huet sech allerdéngs zesumme mat den aneren EU-Memberlänner enthalen.
Retizent Verhale keng Iwwerraschung
Wann ee sech den Text vun der Resolutioun ukuckt, da wier dëse Schratt wéineg iwwerraschend, seet de Michel Erpelding, Fuerscher vum renomméierte Max-Planck-Institut, am 100,7-Interview. Hie fuerscht iwwer d’Geschicht vum internationale Recht.
“Geschichtlech ass et esou, datt déi europäesch Länner sech ëmmer ganz retizent gewisen hunn, wat Diskussiounen iwwer hir Verantwortlechkeet fir Kolonialverbriechen a Sklaverei ugeet.”
Den Text wier esou geschriwwe gewiescht, datt déi Länner sech liicht eraus konnten zéien, mengt de Michel Erpelding. Dofir ginn et zwee Grënn.
Wat ass "dat Schlëmmst"?
D’Resolutioun beschreift den transatlantesche Sklavenhandel als een Akt, bei deem Leit zu Géigestänn gemaach goufen, an datt dat dat Schlëmmst ass, wat een engem Mënsch undoe kann. 12 Millioune Leit goufen Affer vun deem Sklavenhandel.
Allerdéngs ass et schwéier ze soen, wat “dat Schlëmmst” ass. Wat ass méi schlëmm: d’Shoah, e Massaker, oder Zwangsaarbecht, wou och Millioune vu Leit dru gestuerwe sinn?
“De Verglach ass net glécklech, mee fir d’Europäer e Virwand, sech erauszezéien.”
Eng Logik, där awer och déi europäesch Länner net ganz trei bleiwen, well dës den Zweete Weltkrich dacks als dat Schlëmmst bezeechnen, wat hinne geschitt ass. Mee Europa spillt net méi déi grouss Roll, mierkt de Fuerscher un, soudatt och d’Stëmmen aus de Länner vum globale Süde méi staark gehéiert ginn.
Och deemools net legal
Den zweete Grond: Déi europäesch Länner, déi sech enthalen hunn, soen, datt een d’Vëlkerrecht net retroaktiv applizéiere kéint, schliisslech wier d’Praxis viru 500 Joer legal gewiescht.
Op deem Punkt kéint een d’Entscheedung allerdéngs kritiséieren, esou de Michel Erpelding. Net all Form vu Sklaverei war och deemools legal. Um Enn vum 19. Joerhonnert goufen et Forme vun Zwangsaarbecht, wéi zum Beispill am Kongo vum Kinnek Leopold, déi zum Vëlkerrecht vun deemools als illegal kënnen ugesi ginn.
Dobäi kënnt, datt déi Form vu Sklaverei vläicht an Europa legal war, dofir awer net an anere Länner. Am Kongo soll de Kinnek am 16. Joerhonnert scho géint esou Praxisse protestéiert hunn. D’Quellelag dozou ass allerdéngs net immens gutt, seet de Michel Erpelding.
Ënner dem Stréch ass dat, wat déi europäesch Länner behaapten, just déi europäesch Vue, a just déi ze berücksichtege wier falsch.
“Souguer wann et legal gewiescht wier, kann ee sech haut net hannendru verstoppe fir sech senger Responsabilitéit ze entzéien.”
Ëmstridden Theorie
D’Resolutioun wier ausserdeem laang a kontradiktoresch, seet de Fuerscher vum Max-Planck-Institut. Si beschreift den transatlanteschen “chattel slavery” als d’Mamm vun allen anere Crimmen. Alles, wat duerno geschitt wier, wier eng Konsequenz dovun an hätt déi ganz Welt verännert. Dës Thees gëtt ënner Historiker allerdéngs staark diskutéiert.
Et hätt ee méi sober kënne bleiwen, an och beispillsweis Reparatiounen uginn, déi d’Länner maache mussen. Net just ënner der Form vu Suen, mee och mam de Retour vu geklauten Artefakten, “garanties de non-répétition”, a sech méi staark géint Rassismus asetzen.
Chance verpasst, sech ze positionéieren?
Lëtzebuerg an déi aner europäesch Länner hunn eng Chance verpasst, sech géint d’USA ze positionéieren, déi gären hir Spueren zum Theema Sklaverei verwëschen. Et wéisst een allerdéngs och net, wéi kompromëssbereet déi europäesch Länner waren, betount de Michel Erpelding.
Fakt wier allerdéngs, datt ënner de Länner, déi dogéint gestëmmt hunn, d’USA, Israel an Argentinie sinn. Dräi Länner mat rietsextreemen, souguer rassistesche Regierungen, déi e Problem mat Kolonisatiouns-Froen hunn, seet de Fuerscher.
“Do hätt Europa sech effektiv méi staark kënne wieren. Si hunn och u Sympathien agebüst bei den Alliéierten a Südamerika an Afrika.”
Ënnerscheed, ob eppes virun der Hausdier geschitt, oder wäit ewech
Mee firwat fält et den europäesche Länner esou schwéier, Feeler aus der Vergaangenheet unzeerkennen? Dat versteet och de Michel Erpelding net ganz. Schliisslech wier et eng Stäerkt, Feeler anzegestoen.
“D’Leit hunn e ganzt emotionaalt Verhältnis zur eegener Geschicht. Et fält hinne méi einfach, wann d’Crimmen no un hirer Dier geschéien.”
D’Resolutioun gouf trotzdeem majoritär ugeholl. Wann an Zukunft ëmmer nees esou Resolutiounen ugeholl ginn, kéinte Reegelen dorausser entstoen. Länner, déi awer ëmmer géint d’Resolutioun gestëmmt hunn, kënne weiderhin ausserhalb vun dëse Reegelen handelen. Eng UN-Resolutioun ass nämlech net verbindlech.
Fir de Fuerscher vum Max-Planck-Institut ass awer kloer, datt déi ganz Diskussioun nach laang net ofgeschloss ass.