Scho virun zwee Méint huet de Péter Techet, Jurist an Historiker vum Institut fir den Donauraum a Mëtteleuropa, am 100,7-Interview gesot, de Péter Magyar hätt gutt Chancen, d’Walen an Ungarn ze gewannen. An tatsächlech: Gëschter koum et zu enger grousser Victoire fir deen nach relativ onbekannte Politiker.
Seng Tisza Partei huet eng Zweedrëttelmajoritéit kritt an de Viktor Orbán an d’Oppositioun geschéckt.
E Volleksfest an de Stroosse vu Budapest
De Péter Techet war gëschter Owend selwer zu Budapest ënnerwee. Bei der Verkënnegung vun de Resultater wier gefeiert ginn. Nach bis spéit an d’Nuecht hätten d’Leit, virun allem déi jonk, gedanzt, gefeiert a gedronk.
“Wie ein richtiges Volksfest in den Strassen von Budapest.”
Grad fir déi Jonk ass et e spezielle Moment. De Viktor Orbán war zënter 2010 un der Muecht. Déi meescht vun hinne kennen also keen anere Ministerpresident.
E konservative Politiker, deen eng grouss Wielerschaft usprécht
De Péter Magyar ass innerhalb vun zwee Joer quasi aus dem Näischt un d’Spëtzt vu sengem Land geklommen. Déi grouss Fro, déi ee sech och an Ungarn stellt: Wien ass de Péter Magyar iwwerhaapt?
Deen neie Premier war 20 Joer laang Member am Orbán senger Fidesz Partei. Hie war mat der fréierer Justizministesch bestuet an huet als Diplomat zu Bréissel fir d’Orbán-Regierung geschafft.
De Péter Magyar ass e konservative Politiker, betount de Péter Techet. Aus deem Grond konnt hien och déi rietskonservativ Wielerschaft fir sech gewannen, wéi och déi méi liberal oder lénks-orientéiert Wielerschaft zu Budapest.
En zwee Joer laange Walkampf
Virun zwee Joer ass hien op der politescher Bün opgetaucht. Deemools gouf et an Ungarn e Skandal ëm eng Begnodegung an engem Kannermëssbrauchsfall. De Péter Magyar huet dës Entscheedung kritiséiert a seng eege Beweegung gegrënnt: d’Tisza Partei.
Scho bei den Europawalen 2024 konnt d’Partei ronn 30 Prozent vun de Stëmme gewannen. De Péter Magyar hätt d’Partei ganz professionell opgebaut, seet de Péter Techet. Hien hätt quasi zwee Joer laang Walkampf gemaach, huet an a ronderëm Budapest all Gemeng besicht.
Wéi e Referendum: Pro oder Contra Orbán?
Mat bal 80 Prozent louch d’Walbedeelegung historesch héich. De Péter Techet erkläert, datt dat virun allem eng Zort Referendum iwwer den Orbán-Regimm war.
“Die Leute haben nicht für Péter Magyar gewählt, sondern gegen Viktor Orbán. Es war wie eine demokratische Volksabstimmung."
Den Drock fir de Péter Magyar ass elo héich. Mam Viktor Orbán an der Oppositioun ginn et elo keng Excusë méi, seet och de Péter Techet. Mat enger Zweedrëttelmajoritéit kann hien d’Verfassung änneren, wéi och déi wichtegst Gesetzer.
Lutte géint d'Korruptioun
A senger Ried um Walowend huet de Péter Magyar de Staatspresident Tamas Sulyok opgefuerdert zeréckzetrieden. Hien huet zwar kee politescht Gewiicht, ass awer Member an der Fidesz Partei.
De Péter Techet mengt, datt deen neie Premier direkt weise wëllt, datt hien déi aktuell Institutioune verännere wëllt.
D’Leit erwaarde sech awer virun allem eppes: d’Lutte géint d’Korruptioun. Dat wier nämlech ee Grond, firwat esou vill Leit géint de Viktor Orbán gestëmmt hunn.
Dobäi kommen de Gesondheetssystem an den Educatiounssystem, déi an engem schlechten Zoustand sinn. Grad déi staatlech Spideeler wieren an engem “katastrophalen Zoustand”, mengt de Péter Techet.
Pro EU, awer mat Ofstrécher
Wat d’EU ugeet huet de Péter Magyar schonn dacks gesot, datt hien op eng konstruktiv Aart a Weis zu Bréissel diskutéiere wéilt. Hien huet wärend dem Walkampf och ëmmer nees betount, datt Ungarn zur EU an zum Weste géing gehéieren. Esou kéint een d’Wal also och als eng Zort Referendum gesinn, ob Ungarn zum Westen oder zum Oste gehéiere soll.
De Péter Magyar ass iwwerdeems keen Ukrain-kritesche Politiker, ass awer géint en direkten EU-Bäitrëtt vum Land.
A wéi gesäit dem Viktor Orbán seng Zukunft aus? Um Walowend huet hie seng Néierlag relativ séier unerkannt, an dem Magyar och perséinlech gratuléiert. Dat misst een him héich urechnen, seet de Péter Techet, schliisslech gouf am Virfeld gefaart, hie kéint eng Néierlag eventuell net unerkennen.
Oppositiounsleader Orbán?
Um Walowend sot hien och, datt hien elo an d’Oppositioun goe wéilt. Mat 63 Joer ass hien och net ze al, fir a 4 Joer nees als Spëtzekandidat unzetrieden. Den Ex-Premier war och schonn 8 Joer laang an der Oppositioun.
De Péter Techet schléisst awer och net aus, datt d’Fidesz Partei sech eventuell nei opstelle wëllt. Villes hänkt awer wuel dovunner of, wéi dem Péter Magyar seng éischt Méint am Amt oflafe wäerten.