arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fernand Kartheiser soll Detailer zu Russland-Kontakter ginn

ENQUÊTE AM EU-PARLAMENT

|
reading time

2 min

Fernand Kartheiser soll Detailer zu Russland-Kontakter ginn

Am Kader vu senger Enquête huet de “Comité consultatif” vum Europaparlament ee Froekatalog un de Lëtzebuerger EU-Deputéierte geschéckt. Mëtt Oktober soll decidéiert ginn, ob den ADR-Politiker géint de Code de Conduite verstouss huet.

reading time

2 min

© European Parliament
(Foto: European Parliament)

De “Comité consultatif” am Europaparlament hätt gäre Prezisioune vum EU-Deputéierte Fernand Kartheiser iwwer seng Reuniounen a Kontakter a Russland.

Dee Comité soll ënnersichen, ob de Lëtzebuerger ADR-Politiker géint de Code de Conduite vum Europaparlament verstouss huet.

D’Prozedur vun där Enquête ass net ëffentlech.

Detailer zu Kontakter mat russeschen Offiziellen a Finanzement vun de Reesen

Eisen Informatiounen no gouf de Fernand Kartheiser déi lescht Woch schrëftlech opgefuerdert, verschidde Froen iwwer seng Reesen a Russland ze beäntwerten.

Ënner anerem sollt hien offe leen, wéi déi Reese finanzéiert goufen a mat wéi enge russeschen Offiziellen hie genee a Kontakt war.

Hie sollt och erklären, wéi eng Roll hien am “Forum vu St Petersbourg” spillt.

De Fernand Kartheiser hat am Juni eng "Déclaratioun de St Petersburg" publizéiert.

Dora gëtt de “liewegen Dialog” tëschent der aussepolitescher Kommissioun vun der Duma, dem russesche Parlament, a Membere vum Europaparlament, deen “de laangfristegen Interête vun der russescher Federatioun an der Europäescher Unioun déngt”, ervirgestrach.

D’Presidentin am Europaparlament, d’Roberta Metsola, hat Mëtt Juni dem Comité consultatif den Optrag fir eng Enquête ginn.

Den ADR-Politiker hätt duerch seng Reunioune mat Offiziellen aus dem russesche Parlament méiglecherweis géint déi intern Reegele verstouss an d’Reputatioun vum Parlament op d’Spill gesat, esou d’Roberta Metsola deemools an engem Bréif.

Äntwerte gi bis uganks Oktober erwaart

Den ADR-Europadeputéierten huet elo bis uganks Oktober Zäit, op déi Froen ze äntwerten. 

Eng Decisioun doriwwer, ob hie géint de Code de conduite vum Parlament verstéisst, soll da méiglecherweis Mëtt Oktober op där nächster Sitzung vum zoustännege Comité consultatif falen.