Den Dominik Brodowski war op enger Konferenz iwwer 40 Joer Schengen-Accorden zu Lëtzebuerg, wéi hien an engem Bus op der Grenz erausgewénkt a kontrolléiert gouf.
Urteel ass fir den Droitsprofesser keng Iwwerraschung
Am 100,7-Interview erkläert de Mann, deen Expert an Europarecht ass, datt hien dogéint geklot an elo Recht kritt huet.
En Urteel, dat den Dominik Bodrowski net iwwerrascht.
"Das Recht von Schengen sieht nämlich vor, dass die Binnengrenzkontrollen abgeschafft sind."
Just a ganz begrenzten Ausnamen dierften d'Grenzkontrollen nees agefouert oder verlängert ginn.
"Ob tatsächlich in solcher Sachgrund vorliegt, daran kann man tatsächlich Zweifel haben. Und ausserdem muss man das dann auch besonders gut begründen, dass das auch verhältnismässig ist."
Däitschen Inneministère ass an Appell gaangen
Däitschland hat d'Grenzkontrollen eréischt Mëtt Mäerz verlängert. Dem Geriicht no hätt déi däitsch Regierung des Ausnamesituatioun awer net genuch begrënnt.
"Wir leben hier in einem europäischen Raum der Freiheit, der Sicherheit und des Rechts."
Et wier dann och gutt, datt d‘Politik mat där Decisioun vum Verwaltungsgeriicht d‘Grenzen opgewise kritt, mengt den Dominik Brodowski.
"Und deswegen hoffe ich, dass dann auch die deutsche Bundesregierung, das deutsche Bundesinnenministerium die Konsequenzen aus dieser Rechtsprechung zieht."
Nach lafen allerdéngs d‘Grenzkontrollen, well de Professer just an éischter Instanz Recht krut an den däitschen Inneministère an Appell gaangen ass.
Den Dominik Brodowski weist sech allerdéngs och hei optimistesch, datt hie Recht kritt, dofir wier d‘Argumentatioun vun de Riichter zu Koblenz ze vill däitlech gewiescht. Dat kéint de Fall virun den europäesche Geriichtshaff bréngen, an da kéinten d‘Grenzkontrollen definitiv falen.
Lauschtert hei dee ganzen Interview mam Droitsprofesser