arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verwaltungsgeriicht: Grenzkontrollen un der saarlännescher Grenz hu keng legal Basis

Lëtzebuerg-Däitschland

|
reading time

1 min

Verwaltungsgeriicht: Grenzkontrollen un der saarlännescher Grenz hu keng legal Basis

D'Verwaltungsgeriicht Koblenz huet en Urteel zu de Grenzkontrolle un der saarlännescher Grenz ginn: Dës hätte keng legal Basis. Domat gëtt d'Geriicht engem Jura-Professor Recht. Dee war no engem Fest fir 40 Joer Schengen-Accord op der Grenz kontrolléiert ginn.

reading time

1 min

Däitsch Grenzkontroll | © picture alliance/dpa | Patrick Pleul
Däitsch Grenzkontroll (Foto: picture alliance/dpa | Patrick Pleul)

Doropshin huet de Jurist geklot. D'Geriicht huet dem Mann Recht ginn, well d'Kontrolle géint d'Europarecht verstoussen. Wéi eng Konsequenzen d'Urteel elo fir déi däitsch Grenzkontrollen huet, ass nach net kloer. 

Réischt am Februar waren d'Kontrollen op en Neits ëm sechs Méint verlängert ginn. De Bundes-Inneministère wëllt domat géint illegal Migratioun virgoen. Lëtzebuerg ass géint d‘Grenzkontrollen an huet ëmmer nees bei der EU-Kommissioun dowéinst Drock gemaach.