Et ass gewosst: Do wou Drénkwaasser a Mineralwaasser produzéiert gëtt, mussen Ëmweltschutzmoossnamen ergraff ginn, fir d’Qualitéit vum Waasser kënnen ze garantéieren. Géint dee Prinzip hätt Nestlé Waters verstouss.
An deem Prozess geet et ëm illegal Deponien zu Contrexéville, They sous Montfort, Saint Ouen les Parey a Crainvilliers. An et handelt sech hei net ëm kleng Quantitéiten un Offall: De cumuléierte Volume läit bei ronn 474.000 Meterkibb. Dat ass den Equivalent vun 126 olympesche Piscinnen.
Irreparabele Schued
Nestlé kritt vun der Justiz virgeworf, Uewerflächen a Grondwaasser mat Plastikparticulen verseucht ze hunn. D’Sickerwaasser hätt massiv Mikroplastiken enthalen. An deene Gewässer ëm déi Deponië wier d’Konzentratioun u Plastik a chemeschen Elementer esou héich, datt all Liewen an deene Gewässer onméiglech wier. Déi Pollutioun géif der Fauna an der Flora schueden.
Weider schreift Médiapart, datt déi illegal Deponien dozou geféiert hunn, datt op deene Plazen, wou d’Mineralwaasser Contrex an Hépar gezaapt ginn, héich Konzentratiounen u Mikroplastiken ze fanne wieren. Médiapart baséiert sech do op eng Enquête vun der franséischer Biodiversitéitsverwaltung an dem Office de lutte contre les atteintes à l’environnement et à la santé publique.
D’Analyse vun deene Gewässer hätten eng Konzentratioun u Mikroplastiken erginn, déi fir Contrex an Hépar 51.000, respektiv 1,3 Millioune Mol méi héich ass ewéi an anere Flëss oder Séien. Weider hunn d’Enquêteure preziséiert, datt déi Plastiker sech esou degradéiert hunn, datt eng Entsuergung an eng Depollutioun onméiglech sinn.
Deponien aus de 60er Joren
Médiapart hätt och de Konzern Nestlé Waters kontaktéiert, an deen huet preziséiert, datt déi illegal Deponien aus de 60er Jore stamen. Dat heescht éier de Grupp Proprietär ginn ass vun deenen Terrainen.
Eng Partie vun deenen Zone wier gebotzt ginn, allerdéngs ginn et Plazen, wou eng Depollutioun méi komplex wier, betount de Konzern. Weider wéilt ee sech awer net zu de lafenden Enquêten an dem Prozess äusseren.
De Prozentsaz u Mikroplastik am Mineralwaasser ass iwwregens net reglementéiert.
International Konferenz zu Genf
Zu Genf steet d’Waasserpolutioun duerch Mikroplastik am Mëttelpunkt vun enger internationaler Konferenz. D’Zil ass et, een Accord ze fannen iwwer een internationalen Traité fir d’Reduktioun vu Mikroplastiken an der Ëmwelt. Gëtt näischt gemaach, da kéint d’Presens vu Plastik an der Natur am Waasser oder an der Loft bannent den nächste 15 Joer explodéieren.
Déi international Konferenz dauert nach bis de 14.August.