Soubal den Hafen opgeriicht wier kéint deen da 24 Stonnen op 24 funktionéieren. Méiglech wier et iwwert dee Wee bis zu zwou Millioune Moolzechte pro Dag ze liwweren.
Däitschland huet gëschter annoncéiert sech um Projet vum Miereskorridor ze bedeelege, dee schonn dëse Weekend kéint agesat ginn. All Hëllefspak deen an der Gazasträif géif ukomme wier wichteg, sot de Bundesausseministère.
Fir dee Projet vun engem humanitäre Korridor ëmzesetzen, steet Däitschland a Kontakt mat de Partner a virun allem mat Zypern, den Vereenten arabeschen Emiraten, den USA an der EU-Kommissioun.
De Miereskorridor soll der EU-Kommissiounspresidentin no séier lancéiert ginn. D’Ursula von der Leyen war gëschter op Zypern, vu wou aus d’Liwwerunge solle starten.