Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De CGDIS mellt eng Partie Interventiounen

Bilan vu staarken Donnerwieder

De CGDIS mellt eng Partie Interventiounen

Wéinst de staarken Donnerwiederen de Samschdeg den Owend hunn d’Rettungsdéngschter 17 mol missten intervenéieren. Virun allem hu Beem oder Objete misste geraumt ginn, well déi d’Strooss blockéiert haten.

auto_stories

1 min

Donnerwieder | © picture alliance / Bernd März/dpa/dpa-tmn | Bernd März
Foto: picture alliance / Bernd März/dpa/dpa-tmn | Bernd März

De CGDIS huet iwwerdeems der Administratioun vu Ponts et chaussées 37 Interventioune misste matdeelen, well et op de Stroossen zu Schied koum.

Op X (virdrun Twitter) mellt Meteolux, datt et de Samschdeg den Owend an engem Korridor vu Péiténg aus iwwer Kënzeg, Stengefort, Useldeng a Feelen, bis erop op Houschent Wandspëtzte vu bis zu 100 Kilometer an der Stonn gouf.