De Virus iwwerdréit sech iwwer Loft an den indirekter Wee iwwer Géigestänn, déi mam Virus infizéiert goufen. Och an den Déiereproduite wéi Mëllech a Fleesch hält sech de Virus iwwer eng laang Zäit op, erkläert de Carlo Dahm, Chef vun der Divisioun fir Déieregesondheet an Déierewuel bei der ALVA.
D‘ALVA hält d‘Situatioun zu Lëtzebuerg am A, huet awer bis elo nach keng Mesuren decidéiert. Et ass awer den Opruff un d‘Betriber, genau ze iwwerwaachen, wann een nei Déieren an eng Häerd integréiert. Do réit d‘ALVA eng Quarantän an déi néideg Tester ze maachen. Och Besuch an de Betriber sollt miniméiert ginn.
Risiko vun der Verbreedung konnt séier erofgestuuft ginn
D‘Symptomer vun MKS weise sech duerch Aphten ronderëm d‘Schnëss an d‘Féiss. Wéinst der Péng kënnen d‘Déiere weder iessen, nach stoen.
Eng positiv Nouvelle beim Fall zu Brandenburg wier awer, datt de Virus an engem klengen zouene Betrib ausgebrach wier. De Risiko vun der Verbreedung konnt deemno direkt erofgestuuft ginn, erkläert de Carlo Dahm.
Bis elo goufe keng weider Häerden an Däitschland mam Virus identifizéiert. Wéi d‘Krankheet op deen Haff an Däitschland koum, ass nach net gekläert.