Den Ëmweltschutz stéing net a Konkurrenz mam Wunnengsbau oder mat der Wirtschaft, betount de Roby Biwer, President vun Natur&Ëmwelt. D’Naturschutzgesetz dierft net ofgeschwächt ginn.
"Logement ass natierlech e Problem, aner Diskussioune sinn natierlech e Problem, de Wuesstem brauche mir, mee et däerf net op d'Käschte vun der Natur goen."
Bauere ginn an ee Kader gezwongen
Natur&Ëmwelt huet an de leschte Joren ee Réckgang vun de Vullenaarten zu Lëtzebuerg déi am Oppeland liewen, an do war et ee Message un d’Landwirtschaft. Am Kontakt mat Bauere géif ee mierken, datt ee staarken Interesse do wier, méi natierlech ze produzéieren an der Natur méi Chance ze ginn.
"Mee déi sinn an ee Kader agezwängt, dee si praktesch forcéiert esou ze wirtschaften, datt et zum Defaveur vun den Aarten ass am Oppeland."
Wëldpopulatioun zerstéiert jonk Beem
A punkto Bëscher misst ee mat engem Verloscht vun 30 Prozent vun den aktuelle Beem rechnen. D’Beem misste wéinst dem Klimawandel ugepasst ginn. Vum Patrick Losch ass et och den Opruff un d’Jeeër:innen, de Bestand u Wëld ze reduzéieren. D‘Wëldpopulatioun wier amgaang hiren eegene Liewensraum, an dee vum Mënsch, ze zerstéieren. Dat misst een onbedéngt an de Grëff kréien.
Duerch d‘Klimakris géifen et ëmmer méi Réi ginn an de Bëscher an déi géife jonk Beem massiv zerstéieren.