Radioen

On air

Notturno  |  Leonard Nimoy - Ruby Don't Take Your Love To Town

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ MeteoLux: Giel Wiederalerte wéinst Reen, Knëppelsteng a staarkem Wand

Vun 11 Auer moies bis 18 Auer owes

MeteoLux: Giel Wiederalerte wéinst Reen, Knëppelsteng a staarkem Wand

MeteoLux huet eng giel Wiederalerte erausgi vun 11 de Moie bis 18 Auer den Owend. Et gëtt mat Knëppelsteng a staarke Wandstéiss gerechent.

auto_stories

1 min

Potentiell Gefor géif awer bestoen, well et punktuell zu staarke Wiedere ka kommen, mat vill Reen, eventuelle Knëppelsteng a besonnesch och Wandstéiss vu plazeweis 80 Kilometer an der Stonn. 

Giel ass déi niddregst vun den dräi Warnstufen.

Héichwaassergefor am Süde vum Land

Déi aktuell Wiedersituatioun deit och op ee potentielle Risiko vun Héichwaasser hin, esou d’Waasserverwaltung. D’Waasserstänn am Süde vum Land kéinte vun de Mëtteg u séier klammen. Un der Uelzecht kéint d’Erreeche vun der „Cote de pré-alerte“ net ganz ausgeschloss ginn.