Radioen

On air

Notturno  |  Jules Ahoi - Magnolia

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méi héich Stroumpräisser kaschten de Staat 2024 24 Milliounen Euro

Energie

Méi héich Stroumpräisser kaschten de Staat 2024 24 Milliounen Euro

Déi zum Deel méi héich Stroumpräisser vum 1. Januar 2024 un, dierfte fir de Staat fir dat nächst Joer 24 Milliounen Euro u Méikäschte fir d’Stroumpräisbrems bedeiten. Mat dëser Gréisstenuerdnung rechent déi onofhängeg Regulatiouns-Autoritéit ILR. Verschidde Stroumfournisseuren hate jo d’lescht Woch ugekënnegt, datt hir Stroumpräisser Ufank vum neie Joer wäerte klammen.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

play_arrow

Enovos an déi verschidde Filialen, déi zum Grupp gehéieren, hunn eng Präiserhéijung fir hir Standard-Produkter ugekënnegt: dozou gehéiert ë.a. och de Stroumversuerger Leoenergy. Bei anere Fournisseuren dierften d’Präisser stabel bleiwen, esou de Chef vum ILR-Service Energie, de Claude Hornick.

Wann ee Stroumfournisseur seng Präisser ännert, da muss e seng Clienten 30 Deeg virdrun doriwwer informéieren. E muss den neie Präis och beim ILR notifiéieren, fir datt en an de Präisvergläichstool www.calculix.lu kann opgeholl ginn.

Fir de Client transparent novollzéibar

Fir de Client wäerten déi zum Deel méi héich Stroumpräisser keng méi héich Rechnungen am nächste Joer bedeiten, erkläert de Claude Hornick vum ILR.

„Am Kader vum Tripartite-Accord ass jo fest gehale ginn, dass de Stroumpräis fir Haushalts-Clienten stabiliséiert ass, bis Enn 2024, an dat um Niveau vum Präis vun 2022. Deemno kritt de Verbraucher een Deel vum Stroumpräis iwwert eng negativ Contributioun zréck, déi aktuell bei -9,32 Cent pro kWh läit, déi awer vum 1. Januar u viraussiichtlech méi negativ wäert ausfalen fir déi Hausse vum Stroumpräis beim Client Moyen ze kompenséieren.“

De Client gesäit also op senger Rechnung wéi vill manner hien duerch déi sougenannte Stroumpräisbrems bezillt.

Fix Stroumpräis-Produite si momentan nach am Virdeel

Fir dëse Stroum-Kompensatiounsfong kann de Staat am Joer 2024 maximal 225 Milliounen Euro bäisteieren.

De Claude Hornick vum Regulatiouns-Institut ILR weist och drop hin, datt beim Stroum d’Wiel fir d’Verbraucher méi grouss ginn ass, well eng Rei Fournisseuren erëm sougenannte Fix-Präis-Produkter ubidden. Domat kréien d’Verbraucher fir eng gewëssen Zäit ee feste Stroumpräis garantéiert. Wann de Maartpräiss géig erofgoen, kéint et awer och sinn, datt d'Produite mat variabelem Präis da méi gënschteg ginn, wéi Fix-Produiten.

Pro Joer wiesselen hei am Land iwwregens eng 500 bis 1.000 Menagen hire Stroumfournisseur.

Lauschterenplay_arrow