Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - Moonshine Freeze

play_arrow Live
search

/ Mediatiounsservice fir eeler Persounen an hir Familljen bei Problemer mat Strukturen

SIMPA

Mediatiounsservice fir eeler Persounen an hir Familljen bei Problemer mat Strukturen

Eeler Persounen an hir Famille kënne bei Problemer mat enger Struktur oder engem Service neierdéngs beim Service mam Numm SIMPA eng Mediatioun ufroen. Dës onofhängeg Stell gëtt et zanter Ugangs des Joers a gouf um Dënschdegmoie vum Familljeminister Max Hahn an der Mediatrice Corinne Weis offiziell virgestallt.

auto_stories

1 min

Senior | © Alexas_Fotos / Unsplash
Senior (Foto: Alexas_Fotos / Unsplash)

Den Informatiouns- a Mediatiounsservice mat Sëtz zu Gaasperech bitt ënnert anerem eng Telefonslinne, iwwer déi ee sech och berode ka loossen, wann een op der Sich no engem Altersheem, enger Dagesaktivitéit oder engem ambulante Fleegeservice fir eng eeler Persoun ass.

Zanter Ugangs des Joers krut de SIMPA siwen Dossiere vu Reklamatiounen eran. Ee Fall wou een déi verschidde Parteien hätt misste fir eng Mediatioun un een Dësch bréngen, gouf et awer nach net, sou d’Mediatrice virun der Press. Si an hir Ekipp schaffen enk mam Gesondheets-Mediateur zesummen.

De Service SIMPA ass Deel vum neie Qualitéitsgesetz iwwer d’Servicer fir eeler Mënschen, dat dem DP-Minister Max Hahn no soll dozou bäidroen, datt Seniore bis an den héijen Alter um gesellschaftleche Liewe kënnen Deel huelen.