search

/ Medecins du monde: Aktiounsplang géint Aarmut "intressant", mee net komplett

Reaktioun

|
headphones

1 min

Medecins du monde: Aktiounsplang géint Aarmut "intressant", mee net komplett

Am Nationalen Aktiounsplang géint d‘Aarmut, dee gëschter um Méindeg vun de Ministeren Hahn, Deprez a Meisch presentéiert gouf, wieren intressant Engagement dran, mee beispillsweis géif awer de ganze Volet "Accès zu enger Aarbecht" feelen, fënnt Medecins du monde an engem Communiqué.

headphones

1 min

Dobäi wier dat ee vun de wichtegste Facteuren, fir de Bien-être vun enger Persoun, schreift d‘Associatioun.

Och d‘Recht op Wunne géif ze kuerz kommen. An och wann d‘Regierung ugekënnegt hätt, datt do ee speziellen Aktiounsplang géif kommen, wiere weder Delaien, nach d‘Ambitioune vun deem Plang preziséiert ginn.

Medecins du monde géif iwwerdeems d‘Ëmsetze vum Plang gespaant verfollegen, heescht et nach am Schreiwes.