Radioen

On air

Notturno  |  Stephen Steinbrink - Poured Back In The Stream

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Médecins du Monde: “Am beschte wier, wann et eis guer net misst ginn”

Santé

Médecins du Monde: “Am beschte wier, wann et eis guer net misst ginn”

D’ONG Médecins du monde Lëtzebuerg bitt Leit, déi gesondheetlech Problemer hunn an net vun der Gesondheetskeess ofgedeckt sinn, medezinesch Hëllef un. Eng 130 Benevolle schafe fir d’ONG, déi am August en neit Lokal zu Esch krut.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow

D’Lokal zu Esch am Zentrum gouf vun der Escher Gemeng zur Verfügung gestallt, erzielt de Dokter Bernard Thill, President vu Médecins du Monde. Consultatioune sinn Donneschdes tëschent 10 an 12 Auer. Zanterhier hätt d'Offer staark zougeholl.

D’Offer gëtt ausgebaut

Pro Woch ginn aktuell an den zwou Stonnen eng 15 Leit gesinn. Dat sinn der ze vill, esou datt Médecins du monde vun November un och Méindes wëllt Consultatiounen ubieden.

"Vläicht komme méi Leit, well mir méi visibel sinn – esou matten am Zentrum vun Esch."

Et wier awer e Fakt, datt ëmmer méi Leit betraff sinn. Weltwäit huet d'Migratioun zougeholl. 

Zougank zur Gesondheetsversuergung fir jiddereen

D’ONG huet och e Lokal zu Bouneweg. An de leschte Jore goufen hei jeeweils eng 1.400 Leit d’Joer betreit.

D’Leit komme mat ënnerschiddleche Problemer. Knapp 50 % si chronesch krank: Bluttdrock, Zocker, Häerzkrankheeten, chronesch Longekrankheeten. Et kommen och ganz vill Leit mat psychologesche Problemer mee och Urgencëfäll, erkläert de Bernard Thill.

"Eise Plädoyer ass vun Ufank un, datt all Mënsch, dee krank ass, en Zougang zur Gesondheetsversuergung misst hunn"

Restriktiv Krittären

Zanter dem leschte Joer leeft mat Hëllef vu verschiddenen Ministèren de Pilot projet "CUSS”, also "Couverture universelle des soins de santé". Dat hätt verschiddene Leit scho gehollef, betount de President vu Médecins du Monde. Hie bedauert awer, datt d’Krittären déi een erfëlle muss, ganz restriktiv sinn.

Déi Lëtzebuerger Sektioun vu “Médecins du monde” gëtt et zanter 2013.

"Et wier méi schéin, wa mir eis ONG guer net bräichten. Et wier besser, datt eis Aarbecht  eng Selbstverständlechkeet wier."

De President wënscht sech, datt all Mënsch deen hei zu Lëtzebuerg lieft, en Accès zu Gesondheet huet, wann e krank ass.

Lauschtert de ganzen Interviewplay_arrow