Am Projet fir de Staatsbudget 2026 fält op, datt et op der Recettësäit erëm eng Hausse vun de Recetten um Tubak ginn. Lëtzebuerg kéint sech de Moment net erlaben, op dës Recetten ze verzichten, esou de Budgetsrapporter Maurice Bauer.
“Ech mengen, dass et eng Rentrée ass, déi 1,4 Milliarden, déi am Budget virgesi sinn, déi wichteg ass fir Lëtzebuerg. Mir kënnen do sécherlech net vun haut op muer doropper verzichten.”
Dem Maurice Bauer no wier et wichteg, datt d’Regierung ganz vill Campagnë géint den Tubak mécht. A leider géif ganz vill Leit krank duerch den Tubak ginn an dat hätt och “zolidd Fraisen”
“Mee ech mengen, dass mer awer op dësem Punkt hei net elo am Moment iergendeng Urgence ass, fir do anzegräifen.”
Defence Bond
Privatleit solle vun Ufank 2026 un dem Staat Sue léinen, fir déi méi héich Ausgabe fir d’Verdeedegung. Et wier all Mënsch fräi gestallt, ob een dobäi wëllt matmaachen, esou de Budgetsrapporter Maurice Bauer.
“Ech fannen et eng ganz flott Iddi vun der Regierung, fir hei wëllen der Populatioun d'Méiglechkeet ze ginn, bei deenen Defence Bonds dobäi ze sinn.”
De Revenu wier warscheinlech esou attraktiv, datt d’Leit matmaachen, esou den CSV-Deputéierten.
Zentrale Sujet: Kampf géint d’Aarmut
A senger Budgetsried, déi iwwernächst Woch an der Chamber ass, wëllt de Rapporter Maurice Bauer d’Thema Aarmut an de Mëttelpunkt setzen.
“Ech wäert och eng Rëtsch Pisten do opzeechnen a mengem Rapport, wou ech wäert dee Moment och der Regierung mat op de Wee ginn an der Hisiicht.”
An de leschten zwee Joer hätt d’Regierung awer scho vill Akzenter gesat, fir de Leit, déi schlecht dru sinn, ënner d’Ärem ze gräifen, esou de Maurice Bauer.
Antizyklesch Politik
De Staatsbudget 2026 wier wichteg fir d’Wirtschaft weider ze dynamiséieren an ze diversifizéieren. D’Regierung géif mat dësem "ambitiéisen antizyklesche Budget" probéieren, d’Weichen an déi richteg Richtung ze stellen, esou de Rapporter.