Radioen

On air

Notturno  |  Einstürzende Neubauten - Youme & Meyou

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Är Aktioun wäert Follge kréien“: Hesper Gemengen-Exekutiv dreet der Oppositioun mat Konsequenzen

Onrouen an der Hesper Gemeng

"Är Aktioun wäert Follge kréien“: Hesper Gemengen-Exekutiv dreet der Oppositioun mat Konsequenzen

D‘Oppositioun aus dem Hesper Gemengerot mécht dem Schäfferot weider Virwërf an der Affär ëm de Rekrutement vun enger Persoun, déi e familiäre Lien mam Buergermeeschter Marc Lies huet. Si hätte Menace vum Buergermeeschter kritt, schreiwen déi Hesper Gréng, Piraten an d‘LSAP an engem Mail.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© Wikimedia Commons play_arrow

Well si dem Inneminister e Bréif wéinst deem ëmstriddene Rekrutement geschriwwen hätten, hätte si vum Gemengen-Exekutiv eng SMS kritt, wou ënner anerem dra stoe géif: "Är Aktioun wäert Follge kréien…“. Dat wier inakzeptabel, schreiwen d‘Hesper Oppositiounsparteien. Si fuerderen elo, datt de Buergermeeschter an de Schäfferot dorop reagéiert.

De Marc Lies huet zouginn, datt d’Hesper Gemeng beim Recrutement vun där Persoun e Feeler gemaach huet. Hien dreet der Oppositioun mat Konsequenzen a wëll elo déi national Dateschutzkommissioun aschalten.

Hannergrond ass, datt den Inneminister Léon Gloden de Recrutement annuléiert huet, well d’Decisioun vum Hesper Gemengerot fir dës Persoun anzestellen net regelkonform war. Déi betreffend Kandidatin hätt net déi néideg Diplomer fir de Poste vum Employé communal am Grad A2 virweise kënnen. Am selwechte Kontext präziséiert de Minister, datt dem Buergermeeschter keen Interessekonflikt kéint virgeworf ginn, well hie weder beim Vott, nach bei den Diskussiounen derbäi war.

De Marc Lies gëtt de Feeler zou, mee schwätzt vu politique politicienne. Dobäi hätt d’Oppositioun géint d’Virschrëfte vun der Gemeng an den Dateschutz verstouss. D’Sëtzung wier ënnert Huis Clos gehale ginn. Allerdéngs wieren am Bréif, deen un d’Press gaangen ass, d’Nimm an d’Detailer zur Persoun dra gewiescht.

Lauschteren