Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  Philosophie a Medien

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Manifestatioun géint Heescheverbuet an der Stad: Réckzuchs- a Récktrëttsfuerderungen

Solidaritéit mat Heescherten

Manifestatioun géint Heescheverbuet an der Stad: Réckzuchs- a Récktrëttsfuerderungen

De Mëtteg war an der Stad eng Maniff géint d'Heescheverbuet. Dozou opgeruff haten déi jonk gréng, déi jonk Lénk an déi jonk Sozialisten. An och am Stater Gemengerot wäert de haut nach eemol driwwer geschwat ginn. Ee groussen Deel vun der Oppositioun fuerdert do, datt deen Deel aus dem Police-Reglement zeréckgezu gëtt.

auto_stories

3 min

De partiellen Heescheverbued an der Stad, dee virun annerhallwe Mount vum Inneminister autoriséiert gouf, wier eng Attack op de Rechtsstaat, sou d'Manifestanten.

"Mir fuerderen de Réckzuch vun dësem Policereglement. An dat esou schnell wéi et nëmme geet. Well soss gëtt aus der Reckzuchsfuerderung och ganz schnell eng Recktrëttsfuerderung", esou de Co-Spriecher vun de jonke Sozialisten, de Max Molitor. Fir déi jonk Lénk geet dat awer nach net wäit genuch, betount d’Nora Schneider.

"Déi jonk Lénk fuerderen dowéinster d’Demissioun vum Minister Gloden, an der Stater Buergermeeschterin. Genuch ass genuch an eraus mat onéierleche Politiker."

Aner Mesuren ergräifen fir de Leit op der Strooss ze hëllefen

Ënnerstëtzung haten déi dräi Jugendparteie vun hire Mammeparteien, wéi och vun der Piratepartei, an Mënscherechtsorganisatiounen wéi Amnesty International. Och Privatpersounen sinn op d’Maniff komm – zwou jonk Fraen erklären, datt se dat neit Policereglement "absurd" fannen.

"Une loi comme ça, ça va pas aider à aider ces personnes. Ca va juste les criminaliser, au lieu de vraiment les aider et de mettre d’autres lois en place pourqu’ils peuvent pas se retrouver en fait dans la position dans laquelle ils sont."

Fir Leit op der Strooss wierklech ze hëllefen, kéint ee beispillsweis op Projeten wéi Housing First zeréckgräifen, esou nach d’Spriecher vun den dräi Jugendparteien.

Jonk Gréng: Heescheverbuet léist déi reell Probleemer net

Fir de Fabricio Costa, Co-Spriecher vun de jonke gréngen, wäert dat neit Policereglement net zu méi Sécherheet an der Stat féieren. 

"Wa mir haut hei stinn, a géint dat Heescheverbued demonstréieren, da soe mir domat net, dass et keng Problemer ginn. Da soe mer domat net, dass et keng sozial Problemer ginn. Da soe mer net, datt et keng Problemer um Niveau vun der Sécherheet ginn. Datt et net och op der Gare – ech mengen dat muss ech kengem soen, dat wësse mer alleguer, och do eng schwiereg Situatioun gëtt – dat ass kloer. An do mussen och Léisunge fonnt ginn. An ech mengen dat wat mir haut soe wëllen, ass, dass d’Heescheverbued déi falsch Mesür dofir ass."

Lauschterenplay_arrow

Luc Frieden: Diskussioun iwwer Heescheverbuet "largement iwwerdriwwen"

“Zum Thema Heescheverbuet ass alles gesot, an dofir musse mir elo zu anere Sujeten iwwergoen”, dat fuerdert iwwerdeems de Premier Luc Frieden.

Et géif him evident schéngen, datt wann déi legal Situatioun net kloer sollt sinn, se am Kader vun enger Reform vum Code Pénal gekläert gëtt, esou de Regierungschef de Moien am 100,7-Interview. D’Fro, ob dat bedeit, datt domat eng legal Basis fir den Heescheverbuet soll geschafe ginn, wollt de Luc Frieden net beäntwerten.

De Sujet Heescheverbuet wier ee Sujet, deen an de Medien “largement exageréiert” géif ginn, par Rapport zu den Themen, déi een am Land huet. De Premier wënscht sech, datt d’Medien och iwwer aner Sujete wéi Wunnengsbau oder Kafkraaft esou vill géife berichten, wéi iwwert de Sujet Heescheverbuet.