Dono kënnt d‘Gemeng Beetebuerg mat iwwer 78 Milliounen, Wolz mat iwwer 68 Milliounen, Iechternach mat 63,4 Milliounen an Diddeleng mat ronn 58 Milliounen.
Bei der Pro-Kapp-Verschëldung awer ass de Ranking en aneren. Do läit d‘Gemeng Iechternach vir, mat ronn 10.700 Euro Scholde pro Awunner. Op zweeter Plaz läit Wolz mat enger Pro-Kapp-Verschëldung vu ronn 8.600 Euro, a Mamer kënnt hei op déi 3. Plaz, mat 7.500 Euro Scholden op de Kapp.
D‘Stad Lëtzebuerg huet 0 Euro Scholden, grad wéi nach 16 weider Gemengen am Land, dorënner och Stroossen, Sandweiler, Nidderaanwen, Hesper, Schëtter a Klierf.