Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mamer Lycée: SEW hätt gär eng onofhängeg Plaintëkommissioun

Edukatioun

Mamer Lycée: SEW hätt gär eng onofhängeg Plaintëkommissioun

Am Mamer Lycée soll vun der Rentrée un eng Plaintëcommissioun dozou bäidroen d’Tensiounen tëscht der Direktioun an dem Léierpersonal ze entschäerfen. Wéi déi Kommissioun besat gëtt, wier nach net kloer, esou d’Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft SEW/OGBL.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
(Foto: Chris Zeien)

D’Joëlle Damé betount awer et wier wichteg, datt onofhängeg Leit vu baussent der Schoul an déi Kommissioun setze kommen, fir datt Leit sech vertraulech u si wende kënnen.

D‘Plaintëkommissioun soll als eng Zort Mediateur awer och tëscht de Bedeelegte vermëttelen.

"Do muss dann och jidderee Saint dozou bäidroen fir datt mer aus der verfuerener Situatioun do eraus kommen, a fir datt d’Vertrauen erëm hirgestallt gëtt."

Wichteg Vertrauen ze schafen

D’Joëlle Damé betount awer et wier wichteg, datt Leit vu baussent der Schoul an déi Kommissioun setze kommen.

"Fir eis ass et unabdingbar, datt do wierklech onofhängeg Leit setzen, an déi d’Leit Vertrauen hunn. Dat ass och bei eiser Emfro, an an eise Gespréicher an an den Témoignangen, déi mer kruten erauskomm – datt en Deel vun de Leit kee Vertrauen an d’Direktioun hunn."

Nom éischten Trimester soll dann e Bilan gezu gi fir ze kucken op d’Aarbechtsklima am Mamer Lycée sech verbessert hätt oder op weider Mesurë néideg sinn, esou nach d’Joëlle Damé.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun