Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Macron schléisst den Asaz vu westleche Buedemtruppen an der Ukrain weiderhin net aus

Ukrainkrich

Macron schléisst den Asaz vu westleche Buedemtruppen an der Ukrain weiderhin net aus

Den Asaz vu westleche Buedemtruppen an der Ukrain ass weiderhin net ausgeschloss. Dat sot de franséische President Emmanuel Macron gëschter Owend an engem Televisiounsinterview.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

Nach ëmmer wieren all d'Optiounen um Dësch. Fir de Fridden an der Ukrain dierft een net schwaach optrieden, esou de Macron. Schliisslech géif Russland sech a sengem Krich géint d‘Ukrain keng Grenze setzen, deemno sollt och de Weste keng Grenzen hunn.