Radioen

On air

Kultur um 5  |  Liam Benzvi - Other Guys Feat. Blood Orange

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Macron schléisst Opléisung vun Assemblée aus

No Echec vun Immigratiounsreform

Macron schléisst Opléisung vun Assemblée aus

Nom Echec vun der Immigratiounsreform an der franséischer Assemblée huet de President Emmanuel Macron eng Opléisung vun der Assemblée ausgeschloss. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

Och e weidere Gebrauch vum Verfassung-Artikel 49.3, deen et méiglech mécht, e Gesetz ouni Vott duerchzekréien, soll dës kéier net ugewannt ginn, esou den Emmanuel Macron gëschter Owend no engem Iesse mat Ministeren. 

D’Reform vum Immigratiounsgesetz gouf an der Assemblée vun Deputéierte vum lénken a rietse Bord ofgeleent, dat huet huet eng nei politesch Kris ausgeléist. Iwwert deen ëmstriddene Gesetzprojet soll elo an enger Kommissioun mixte paritaire weider diskutéiert gi fir e Kompromëss ze fannen, sou de franséische Staatschef.