D’Aussoe vum Procureur Georges Oswald, datt et keng legal Basis géif gi fir dat einfacht Heeschen ze verbidden, wieren näischt Neies, huet d’Lydie Polfer betount. Dat wier zënter ronn zéng Joer d‘Positioun vum Procureur vum Bezierk Lëtzebuerg „mat där mir mat him wierklech net eens sinn“.
D’Stater Buergermeeschtesch zitéiert aus dem Code Pénal.
„An do steet, am Artikel 563 punkt 6‚ qui est puni, les vagabonds et ceux qui auriont été trouvées mendiants‘. Voilà, dat steet hautzedags am Code pénal.“
D'Stater Buergermeeschtesch formuléiert Reprochen un d'Justiz
Fir déi x-te Kéier huet Lydie Polfer widderholl. Den Heescheverbuet géif déi aggressiv an organiséiert Heescherei viséieren, d’Justiz an aner zoustänneg Institutioune géife wëssen, datt et dee Problem gëtt, mee:
„Wann déi d’Bengele bei d’Tromm geheien, dann dierf ee sech net wonneren, datt riets-extremistsch Tendenzen opkommen. Ech wäert d‘Bengelen net bei d’Tromm net geheien.“
Op der Theaterplaz, wou dacks e gréissere Grupp Sans-Abrise sech opgehalen huet, ass deen Deel elo mat engem Gelänner ofgespaart. D‘Lydie Polfer seet dozou, datt een den ëffentleche Raum net kéint privatiséieren an et hätt ee mat deene Leit geschwat an hinnen eng Alternativ ugebueden.
An der Haaptstad liewe ronn 70 Prozent Auslänner
Ganz nei gemaach gëtt d’Plaz bei der Gëlle Fra. Déi ass elo schonn auto-fräi, ausser Taxien, déi nach ëmmer do parken dierfen. Um definitive Projet fir d’Place de la Constitution nei ze beliewe gëtt nach geschafft. Am Abrëll ass awer do schonn de Mäertchen.
Haaptstad wiisst weider, gouf een haut och nach gewuer: D’Populatioun an der Haaptstad läit elo 134.714 Awunner, dovu ronn 70 Prozent Auslänner. Just an engem vun de 24 Stater Quartieren – nämlech um Cents – wunnen nach liicht iwwer 50 Prozent Lëtzebuerger.