Scho viru gutt zwou Wochen hat de Luc Frieden gesot, datt ee sech mental misst drop virbereeden, datt an den nächste Joren éischter 3 Prozent vum nationale Räichtum an d’Verdeedegung wäerte fléissen. Elo huet de Regierungschef eng "fundamental Reorientatioun vun de Sécherheetsausgaben" iwwert déi nächst zéng Joer ugekënnegt, ouni Zuelen ze nennen.
De Luc Frieden hofft op ee Waffestëllstand an der Ukrain, mat dono engem "fairen an dauerhafte Fridden" a mat Sécherheetsgarantië fir d’Land, un deenen och Lëtzebuerg sech kéint bedeelegen.
"Lëtzebuerger Zaldoten awer wäerten nëmmen an déi Regioun goen, am Kader vun engem internationalen oder europäesche Mandat, sou wéi dat an de Gesetzer steet a mam Accord vun der Chamber, wa sech déi Fro stellt."
D'Oppositiounsparteien ausser d'ADR si fir méi héich Verteidegungsausgaben
Lëtzebuerg misst bereet si méi fir seng Verteidegung auszeginn, esou och den DP-Deputéierte Gusty Graas. Senger Meenung no, dierft eist Land "net an Zukunft de Parasit spillen".
Op Säite vun der Oppositioun huet déi gréng Deputéiert Sam Tanson ënner anerem eng europäesch Arméi gefuerdert.
D’Existenz vun Europa wier a Gefor, esou d’Warnung vum Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement. Ganz aner Téin koume vum ADR-Fraktiounschef: De Fred Keup ass der Meenung, datt de Krich fir d’Ukrain net méi ze gewanne wier.
"Mir wëllen och léiwer een ongerechte Fridden, wéi ee gerechte Krich."
LSAP: Et geet ëm d'Verteidegung vun eise Wäerter
Fir ee Konsens bei de Froe vu Sécherheet a Verteidegung ze fannen, wëllt de Premier an den nächsten zwou Woche mat alle siwe Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, schwätzen.
D‘LSAP géif d‘Regierung an hire Beméiungen ënnerstëtze fir Europa ze stäerken an déi zu engem „gerechte Fridden an der Ukrain“ féieren a „selbstverständlech och mat Sécherheetsgarantien“, sou den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten.
"An da wëll ech soen, dass et net drëms geet, fir fir oder géint Amerika ze sinn, mee mir sollen eis net kleng maachen. Hei geet et net méi an net manner wéi ëm d'Verteidegung vun eise Wäerter."
Den Yves Cruchten