Radioen

On air

Notturno  |  Nicool - De Sonnden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden: En "hallwe Jo" zur Liwwerketten-Direktiv

LIWWERKETTEN-Direktiv

Luc Frieden: En "hallwe Jo" zur Liwwerketten-Direktiv

De Premier Luc Frieden wiert sech géint d’Duerstellung, Lëtzebuerg géif d’Liwwerketten-Direktiv blockéieren. Gläichzäiteg betount hien, datt d’Regierung deem Text net zoustëmme kann.

auto_stories

3 min

Luc Frieden | © Chambre des députés
De Premier Luc Frieden haut an der Chamber. (Foto: Chambre des députés)

Lëtzebuerg ass prinzipiell fir eng europäesch Liwwerketten-Direktiv. Dat sot de Mëtteg de Premier Luc Frieden an der Chamber. Et wier zu Bréissel net zu engem Vott ënnert den Ambassadeure komm, sou de Luc Frieden.

Déi belsch Presidence hat de Moie matgedeelt, datt et haut op en Neits net gelonge war, déi néideg Majoritéit fir d’Direktiv zesummen ze kréien.

Direkt ofgestëmmt gouf net, an der Sitzung zu Bréissel waren awer d’Länner opgeruff, hir Positioun kloer ze maachen. Enger EU-Soruce no hunn do 13 vun de 27 hir Intentioun, sech bei engem Vott ze enthalen, matgedeelt. Ee Land wollt dogéint stëmmen. Domat war kloer, d’Direktiv ass fir elo vum Dësch.

Dat gouf de Mëtteg vun enger Partie Deputéiert vun den Oppositiounsparteien an der Chamber bedauert, dorënner de Franz Fayot vun der LSAP, fir deen elo de Risiko besteet, datt déi Direktiv ganz verschwënnt.

“Dat wir an eisen Aen een Desaster, well mer scho laang ennerwee sinn mat der Inititaiv zu Lëtzebuerg an op europäeschem Niveau.”

Déi Iddi, datt Lëtzebuerg hei blockéiert, wier falsch, sot dozou de Premier. A Wierklechkeet wier den Text vum Gesetz nach ëmmer a Verhandlung.

Lëtzebuerg huet prinzipiell Bedenken, och par rapport zum Ausgangstext

De Luc Frieden huet gläichzäiteg kloer gemaach, datt Lëtzebuerg deem Text den Ament net zoustëmme kéint. Et wieren extrem vill juristesch Onsécherheeten dran.

Hien huet sech dobäi net nëmmen op déi geännert lescht Versioun vum Text bezunn, ma och op de Kompromëss, dem nieft Lëtzebuerg, och déi aner Memberlänner zougestëmmt haten. Op d’Fro, ob hien där Versioun zoustëmme kéint, sot de Luc Frieden. “D'Äntwert dorop ass een hallewe Jo”.

“Ech hätt gären, datt deen Text nach verbessert gëtt. Dofir beweege mir eis an eng Richtung vun engem Jo, wann déi belsch Presidence op eng Rei Froen eng kloer Äntwert gëtt, mee déi ass am Moment net do.”

D’Lëtzebuerger Haltung wier bei de Gespréicher haut zu Bréissel net decisiv gewiescht, sou och nach de Premier. Dat confirméiert een héischen EU-Diplomat. Et wieren eng Partie Länner gewiescht, déi sech enthale wollten, dat aus verschiddene Grënn, sou déi Source. Et wiere Bedenke geäussert ginn, wéinst rechtlechen Onsécherheeten, administrativer Belaaschtung, oder der Gefor, datt d’EU um globale Plang kéint Nodeeler kréien.

D’Zuel vun de Länner, déi an der Reunioun zu Bréissel Problemer opgeworf hunn, géif beweisen, datt deen Text net déi Qualitéit hätt, déi e bräicht - “onofhängeg vun de particulairë Lëtzebuerger Punkten”, sou de Luc Frieden.

Déi “Lëtzebuerger” Punkte bezéie sech op de Faite, datt d’Holdingen enger neier Versioun vum Gesetzestext no ënnert d’Direktiv gefall wieren. Lëtzebuerg hat dogéint Bedenken ugemellt.

Kritik aus dem Europaparlament

Kritik un der Haltung vun de 27 EU-Länner kënnt aus dem Europaparlament.

D’Länner géifen eng historesch Geleeënheet verpassen, verbindlech Reegele fir Entreprisen ze decidéieren, huet et zum Beispill vu Säite vun der sozialistescher Fraktioun geheescht.

Et wier eng Schan, datt et net zu engem Accord koum, sou déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz an engem Communiqué. Elo géif d’Direktive Gefor laafen, ganz gekippt ze ginn.

Och zu Lëtzebuerg hunn e Mëttwoch de Mëtteg d’Oppositiounsparteien d’Haltung vun der Regierung an der Chamber kritiséiert. Si wier laang onkloer gewiescht, sou eng Kritik.

Aktualitéit
Europa
Politik