De Luc Frieden seet, senges Wëssens no géif et keng Decisioun vun der Cour constitutionelle oder der Cour de cassation zu dëse Froen.
"Den Inneminister huet eis informéiert, datt hien zu dëser Fro, wou hien e Policereglement vun der Stad Lëtzebuerg approuvéiert huet, e juristeschen Avis gefrot huet. An dee juristeschen Avis oder déi juristesch Avisen, déi deelen déi Interpretatioun, déi hien a sengem Amt an a senger Kompetenz gemaach huet."
Hien huet och ugekënnegt, datt tëschent dem 20. an 29. Februar eng national Logementsreunioun geplangt ass. Un där Reunioun huelen ënner anerem d’Gemengen, d’Banken, déi Hypotekar-Kreditter verginn an de Staat deel.
Muer sollen am Regierungsrot Decisioune getraff ginn, fir déi Moossnamen ze ergräifen, déi d’Investitiounen am Immobiliesecteur solle fërderen.
Den Inneminister Léon Gloden huet de Mëtteg ugekënnegt, datt hie geschwënn en neie Gesetzesprojet am Regierungsrot wëllt presentéieren iwwer eng Erweiderung vum Congé politique fir de Schäfferot. De Congé politique vu 40 Stonne soll dann och fir Gemenge mat iwwer 6.000 Awunner gëllen. Am Ganze sinn 18 Gemenge concernéiert. Dorënner Jonglënster, Dikrech oder nach Nidderaanwen.