Wéi sou oft a sengem Liewen hätt den Joe Biden d‘Interesse vu sengem Land viru seng eege politeschen Ambitioune gesat, betount de Premier.
Et wier awer net un him als Lëtzebuerger Regierungschef enger Partei an Amerika ze soe wee si sollen als Kandidat:in eraussichen. Fir de Luc Frieden wieren awer déi transatlantesch Relatioune wichteg. Also eng Persoun déi keng „isolationistesch Politik fir Amerika mécht.“
Xavier Bettel schwätzt vu besonnesch luewenswäerter Decisioun
Den US-President hätt iwwer seng ganz Karriär, als Senateur, Vize-President a President gewisen datt e wéisst, wat de Rescht vun der Welt duerstellt, esou de Luc Frieden.
Och den Ausseminister Xavier Bettel huet ee grousse Respekt virun der Decisioun vum Joe Biden. Eng Decisioun déi an der Politik besonnesch luewenswäert wier. D’Demokratech Partei misst awer elo handelen. Si missten decidéiere wéi et an de Presidentschaftswale virugeet.