D'Tageblatt huet vun e puer Memberen aus dem CSV-Nationalcomité erzielt kritt, datt de Premier virgehäit kritt hätt, den Dossier Renten net gutt virbereet ze hunn. Déi Reunioun vum CSV-Nationalcomité wier keng Krisesëtzung gewiescht a se wier normal an a gudder Ambiance an ouni Tensioune verlaf, preziséiert den Luc Frieden op Nofro hin.
Et wier och iwwer d'Lag vun der Natioun geschwat ginn an et wier normal, datt et zu engem Sujet ënnerschiddlech Meenunge géif ginn.
Esouwäit de Premier an CSV-president Luc Frieden um Bord vum Presse-iesse mat der Regieurng um Märtchen haut an der Mëttesstonn.