De Laurent Nittler reagéiert domat op den aktuelle Verhandlungsstand tëschent der Regierung, dem Patronat an de Gewerkschaften, deen eng méiglech Cotisatiounserhéijung vun am Ganzen 1,5 Prozentpunkte virgesäit.
"Dat heescht, d'Cotisatiounen ze erhéijen ass warscheinlech an dëser Ekonomie, Standpunkt elo, wou een nëmmen ee Prozent Croissance vum PIB huet - a mir wësse mol net, ob mir déi wäerten erreechen - vläicht awer net dee richtege Message un d'Ekonomie fir Leit, also fir Entreprisen, fir ze investéieren."
Et wier dem Laurent Nittler no eng besser Iddi, fir de reelle Pensiounsantrëttsalter méiglechst séier u 65 Joer erunzeféieren. Dobäi misst een natierlech ënnerscheeden, tëschent méi penibelen a kierperlech méi a manner ustrengenden Aarbechten, esou de President vum Economist Club.
Den Economist Club gëtt et zënter 25 Joer an e versteet sech als politesch neutral, realiséiert awer Analysen, zum Beispill iwwer de Pensiounssystem.
15 Prozent "vläicht dee beschten Deal"
Vun en Donneschdeg u soll fir vill Exporter aus der EU US-amerikanesch Douanestaxe vu 15 Prozent gëllen. Esou Taxe wieren ni gutt fir Wirtschaften, déi staark vun Exporter ofhängeg sinn, wéi dat a villen EU-Länner, dorënner Lëtzebuerg, de Fall ass. Dat seet den Ekonomist Laurent Nittler, President vum Economist Club.
Den Accord, deen d'EU mat den USA ofgemaach huet, mat 15 Prozent US-Douanestaxen als Basis, huet fir Kritik an europäesche Länner gesuergt, well den Accord net equilibréiert wier, an éischter zu Gonschte vun den USA an hirem President Donald Trump wier.
"Als Conclusioun vu villen héichrangege Beamte gouf gesot: 'Wat ass d'Alternativ?' Dat heescht, déi 15 Prozent wier anscheinend de beschten Deal, dee si hätte kéinte kréien. Wann der kuckt, datt an der Schwäiz 39 Prozent annoncéiert gi sinn, an datt déi elo probéieren, vläicht un déi 15 Prozent erunzekommen, da sinn déi 15 Prozent vläicht akzeptabel."