Radioen

On air

Concert  |  "Man ist dem Publikum sehr nah"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Loosst Iech net vu Populiste fir domm verkafen

Fräie Mikro

Loosst Iech net vu Populiste fir domm verkafen

Populistesch Politiker notzen eng Rei Tricker an Techniken, fir hir Iddien ze verbreeden a salonsfäeg ze maachen an esou Muecht an der Gesellschaft ze kréien. De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, invitéiert eis fir eis psychologesch Ofwierkraaft ze entwéckelen an eis esou net vu Populiste fir domm verkafen ze loossen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

An engem kierzlech um ZDF ausgestraalte Bäitrag vun der Sendung MaiThink X gouf beliicht wéi eng Methode vu Populiste benotzt ginn, fir hir Argumenter ze verkafen, wéi geféierlech dat fir d’Demokratie ass a wat mir dogéint maache kënnen. Dobäi ass festgestallt ginn, datt dës Methode vu Politiker vun alle Parteie benotzt ginn, méi oder manner oft, woubäi hiren Asaz awer als besonnesch geféierlech anzestufe wier, wann et sech dobäi em antidemokratesch a mënscheveruechtend Iddien handele géif.

Ofwierkraaft géint Populisten

Als Humanist schéngt et mir dofir wichteg ze sinn ze wëssen, wéi mir eis psychologesch Ofwierkraaft géint Trickserei vu Populiste stäerke kënnen, fir datt mir eis net fir domm verkafen a manipuléiere loossen. Als Psycholog weess ech awer och, datt dat guer net einfach ass, an datt mer eis déi Ofwierkraaft mat vill Krämpes opbaue mussen an datt mir se, wéi aner Kulturtechniken, erléiere mussen an ëmmer nees trainéiere mussen.

An deem Sënn wéilt ech hei ee bescheidene Bäitrag zur Sensibiliséierung an Opklärung maachen an hoffen, datt aner gesellschaftlech Acteure mathëllefen, eis all dogéint ze immuniséieren.

Vill Verschidde Methoden

Déi éischt Method, déi an der Sendung diskutéiert gouf, ass “d’stomm Majoritéit". Hei gëtt behaapt, dass d'Meenung vun enger grousser Unzuel vu Leit, déi sech net ëffentlech äusseren, tatsächlech mat der Meenung vun enger minoritärer Grupp deckungsgläich wier, wat awer guer net wouer ass. En aneren Trick ass dee vum "falschen Dilemma", wou komplex Problemer op einfach, polariséierend Entscheedunge reduzéiert ginn. Dat erschwéiert eng sachlech Diskussioun a fërdert emotional Reaktiounen.

E weidert Mëttel ass dat vum “Ad Hominem”-Ugrëff. Op Lëtzebuergesch och nach bekannt als “De Mann spillen anstatt de Ball”. Dobäi gi perséinlech Attacken anstatt vu sachlechen Argumenter benotzt fir vum eigentlechen Thema ofzelenken. De “Stréimännchen” ass eng weider Technik déi gären agesat gëtt. Dobäi gëtt dem Géigner seng Positioun staark verzerrt fir méi einfach géint se argumentéieren ze kënnen.

Schlussendlech hu mer nach den “Motte & Bailey” Trick, wou ufanks eng extreem Positioun einfach mol vertruede gëtt, déi dann – ënnert dem Drock vun der Kritik – zeréckgeholl gëtt, fir d’Empörung ofzeschwächen. Iwwreg bleift awer oft de bleiwenden Impakt vun der ursprénglecher Ausso.

Méi sachlech Diskussiounen

Et ass wichteg, dës Methoden ze erkenne fir hinnen entgéint wierken ze kënnen. Dofir invitéieren ech iech fir iech schlau ze maachen iwwer hier Funktiounsweis. A wann dës Tricker am Alldag, speziell an de soziale Medien oder an de Kommentarer, opdauchen, dann zéckt net se ze entlarven, fir datt mer all zesumme méi sachlech Diskussioune féiere kënnen.

Lauschterenplay_arrow


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.